CGDIS3 Blesséierter bei Accident zu Munneref, 1 dovun uerg

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale gouf et 3 Blesséierter e Mëttwoch den Owend zu Munneref an der Réimecher Strooss, wéi sech zwee Gefierer ze pake kruten.

Een Automobilist gouf a sengem Won ageklemmt an uerg verwonnt. D’Secouristen vu Munneref, Schengen, grad wéi Ambulanzen vu Beetebuerg an Diddeleng waren op der Plaz.

Ee Blesséierten gouf et och kuerz no 1 Auer zu Biereng an der Ettelbrécker Strooss, wou en Auto widdert eng Fassad geknuppt ass.

Back to Top
CIM LOGO