Am Lokalen3 Accidenter mat Motocyclisten um Mëttwochowend

RTL Lëtzebuerg
An dräi Accidenter, an déi all kéiers ee Motorrad verwéckelt war, goufen e Mëttwoch am Ganzen dräi Persoune blesséiert.
© RTL Archivbild

Géint 17.20 Auer waren zu Péiteng an der Rue Gillardin en Auto an e Moto aneneegerannt.

Um 18.40 Auer war tëscht Ënnerschlënner an Houschent ee Motard mat senger Maschinn gefall. De Motocyclist huet an enger Lénkskéier d'Kontroll iwwert seng Maschinn verluer, ass an de Summerwee gerutscht, krut e Bam ze paken an ass dunn e puer Meter wäit en Hang erofgefall. Op der Plaz war nieft der Ambulanz och de Rettungshelikopter.

Och tëscht Eschduerf an dem Heischtergronn gouf et um 19.30 Auer eng Chute vun engem Motocyclist.

Back to Top
CIM LOGO