
Vun deenen 289 Fuerer ass bei 19 den Alkoholtest positiv ausgefall. 17 Persoune kruten eng mëndlech Verwarnung, bzw. goufe protokolléiert. An dräi Fäll gouf de Führerschäin agezunn.
Zu Ettelbréck an der Groussgaass koum et e Samschdeg géint 15 Auer zu engem Iwwerfall. Den Täter huet d'Verkeeferin mat engem Messer menacéiert an d'Keess geklaut. Kuerz nodeems sech den Déif duerch d'Bascht gemaach huet, ass e vun der Police agefaange ginn. Op Uerder vum Parquet koum de Mann e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
E Samschdeg den Owend géint 18 Auer ass en alkoholiséierten Automobilist zu Bous an der Lëtzebuerger Strooss mat enger Betonsofspärung kollidéiert. Beim Virfall koum keen zu Schued, ma de Mann krut awer e Fuerverbuet.
Géint 21.30 gouf e Gefier op der Escher Autobunn a Richtung Stad gemellt. De Chauffer hat ze déif an d'Glas gekuckt a konnt vun de Beamte vun der Police op der Héicht vu Leideleng ugehale ginn.
Kuerz no Mëtternuecht sinn d'Beamte vun der Police op e Gefier opmierksam ginn, dat op enger Tankstell zu Rëmerschen stoung. Fuerer a Bäifuererin haten Alkohol gedronk. D'Fra hat esou vill Alkohol am Blutt, dass si an d'Spidol bruecht gouf. Den erlaabten Héchstwäert war beim Automobilist méi héich wéi erlaabt.
An der Hollerecher Strooss an der Stad koum et géint 1 Auer an der Nuecht zu engem Verkéiersaccident tëscht 2 Gefierer. Bei der Kollisioun goufen 2 Foussgänger ugestouss. Schwéier blesséiert gouf awer keen. Ee vun de Chaufferen ass alkoholiséiert gefuer, krut e Fuerverbuet a säi Führerschäi gouf agezunn.
Zwou Stonne méi spéit hunn d'Beamte vun der Police en Auto zu Miersch ugehalen, deen de falsche Wee an e Sens unique gefuer ass. Och hei war Alkohol am Spill.