

D'Zuele gi konstant erof, esou de Bilan vum Réckbléck vun der Santé, deen et hei komplett nozeliese gëtt.
Wärend der Period tëscht dem 10. a 16. August goufen et 249 nei Infektiounen, 30% manner wéi d'Woch virdrun. Dobäi goufen et 1.779 nei Kontakter, e Minus vu 27%.An der 2. Woch hannerteneen, ass de Grand-Duché ënnert 50, nämlech op ronn 32 Neiinfektiounen op 100.000 Leit. Dass Lëtzebuerg net méi an Däitschland op der Risikolëscht steet, begréisst d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert ausdrécklech.D'Zuel vun den aktiven Infektioune läit um 16. August bei 606, par Rapport zu 930 déi Woch virdrun. D'Zuel vu Leit, déi nees gesond sinn ass vu 6.168 op 6.739 geklommen.Am Laf vun der Woch, ginn et 2 weider Doudesfäll ze bekloen.De Reproduktiounstaux ass liicht geklomment, dat vun 0,73 op 0,78, ma de Positivitéitstaux vun den Tester fält vun 0,70% op 0,66%.D'Altersmoyenne vu Leit, déi positiv op Covid-19 getest goufen, läit bei 35 Joer, bleift also stabel am Verglach zu der Woch virdrun.Leit déi a Quarantän sinn oder waren
0-14 ans | 15-29 ans | 30-44 ans | 45-59 ans | 60+ ans | ||
25/05/2020 | 31/05/2020 | 22% | 20% | 34% | 18% | 6% |
01/06/2020 | 07/06/2020 | 35% | 17% | 28% | 15% | 5% |
08/06/2020 | 14/06/2020 | 30% | 18% | 31% | 18% | 4% |
15/06/2020 | 21/06/2020 | 19% | 28% | 29% | 20% | 5% |
22/06/2020 | 28/06/2020 | 23% | 32% | 24% | 18% | 3% |
29/06/2020 | 05/07/2020 | 21% | 32% | 23% | 20% | 4% |
06/07/2020 | 12/07/2020 | 26% | 26% | 24% | 20% | 3% |
13/07/2020 | 19/07/2020 | 27% | 27% | 23% | 19% | 3% |
20/07/2020 | 26/07/2020 | 25% | 24% | 24% | 21% | 6% |
27/07/2020 | 02/08/2020 | 23% | 27% | 24% | 20% | 5% |
03/08/2020 | 09/08/2020 | 25% | 26% | 23% | 21% | 6% |
10/08/2020 | 16/08/2020 | 19% | 27% | 25% | 22% | 7% |
Vun den 249 neie positive Fäll, sinn der 63 op Reesen am Ausland zeréckzeféieren. Domat stellt dëst ronn 25% vun all de Fäll duer, eng liicht Erhéijung also. D'Santé rappelléiert dohier nach eemol fir d'Gestes barrière an dat virgeschriwwent Verhalen anzehalen, och an der Vakanz. Et soll een sech och teste loossen, wann ee Kontakt mat Risiko-Leit hat.
52 Fäll (21%) kommen aus Ustiechungen an der Famill, 12 Fäll (5%) sinn op Familljefeieren oder Feiere mat Frënn zeréckzeféieren. 23 Fäll kommen aus Infektiounsgruppe wéi Firmen, Wunngemeinschaften, verschidden Aktivitéiten oder Gesondheetssecteur.
