Creditreform2020 bleiwen d'Faillitten zu Lëtzebuerg op engem héijen Niveau

RTL Lëtzebuerg
Ganzer 1.199 Mol hunn Entreprisen dat lescht Joer zu Lëtzebuerg misste Faillite umellen.

Dat ass ee Minus vu 5,7% par Rapport zum Joer virdrun. D'Hëllefe wéinst der Corona-Kris hätten och Faillitten retardéiert.

Wat opfält ass, dass nees besonnesch Entreprise betraff waren, déi et schonn iwwer 5 Joer gouf. Déi meescht Firmen, déi zou hu misse maachen, waren am Déngschtleeschtungssecteur aktiv.

Och fir dëst Joer geet ee vun engem héijen Niveau bei der Zuel vu Faillitten zu Lëtzebuerg aus.

PDF: De Communiqué vu Creditreform

Back to Top
CIM LOGO