Duebelmord Schléiwenhaff/Fräiheetsbam2. Ugeklote gesteet ee Feeler, net bei d'Police gaangen ze sinn

RTL Lëtzebuerg
Um 13. Dag vum Prozess géint 2 Männer wéinst 2 Morden, am November 2016, um Schléiwenhaff a beim Fräiheetsbam huet d'Auditioun vum 2. Ugekloten ugefaangen.
© RTL Archivbild

Duebelmord Schléiwenhaff/Fräiheetsbam / Reportage Eric Ewald

Virdru gouf awer déi Persoun gehéiert, déi eng Zeien am Kader vum Prozess kontaktéiert hat an där Fra, wéi déi fonnt hat, Undeitungen zu den Dote gemaach hätt.

Dee Mann huet awer bestridden, eppes am Zesummenhank mat de Morden ze wëssen. Hien hätt der Zeien och keng Noriichte geschéckt, sou wéi déi et en Dënschdeg sot. De Mann huet awer betount, zejoert e puer Méint mam Haaptbeschëllegten an Untersuchungshaft gesiess ze hunn an deen hätt him ëmmer gesot, et wär een zu zwee gewiescht an hien hätt net geschoss.

Den zweeten Ugekloten huet am Verlaf vun der Sëtzung erkläert, hien hätt net geschoss an och net gewosst, dass dat passéiere géif. Hie wär deen Owend gefuer, wéi et an der Géigend vu Rodange op eemol haart geknuppt hätt. Den Drogendealer um Bäifuerersëtz wär a sech zesummegaangen a voller Blutt gewiescht. Hien hätt net héieren, dass do virdrun eng Waff geluede gi wär, dobäi géif eng am Viraus geluede Waff am Auto e Virsaz, an domat ebe Mord an net Doudschlag bedeiten, wat méi eng héich Strof no sech zéie géif.

Hien hätt ee Feeler gemaach, an zwar deen, net direkt bei d'Police gaangen ze sinn, huet de jonke Mann gemengt. Dat hätt hien aus Angscht virum Haaptbeschëllegten an deem senge Menacen ënnerlooss. Nom Doud vum Drogendealer hätt hien och kloer Consignë vum Haaptbeschëllegten dozou kritt, wouhin hie fuere sollt. Hien an dee Mann wären iwwregens keng Frënn gewiescht, mä deen eng Zäit säi Patron.

Dëse Prozess geet en Donneschdeg de Mëtteg virun, dee Moment mat der Auditioun vum Haaptbeschëllegten.

RTL NEWS: Prozess wéinst Duebelmord am November 2016

Back to Top
CIM LOGO