
Wéi d'Police schreift, hat ee vun de Chaufferen aus nach net gekläerte Grënn d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer hat an op d'Géigespuer geroden. Do koum et zur Kollisioun.
Béid Automobiliste goufen an hire Gefierer ageklemmt an hu misse vun de Rettungsekippe befreit ginn. De Mann am éischte Won gouf méi schro verwonnt a gouf noutversuergt. Ma och d'Fra am zweete Won huet nach op der Plaz misse behandelt ginn. Allebéid koumen an d'Spidol.
D'Streck war fir ronn 3 Stonne wärend den Opraumaarbechte gespaart.
Op der Plaz ass de Samu vun Esch, 2 Ambulanzen an d'Pompjeeë vu Käerjeng, Suessem a Péiteng.
Wéi de CGDIS mellt, koum et op der A13, tëscht Suessem an dem Tunnel Aessen, zu engem Accident tëscht engem Camion an 2 Autoen. Hei ass ee Blesséierten ze bekloen.