Frontalkollisioun op der N72 Persounen a Liewensgefor no Accident tëscht Wäiswampech a Wemperhaart

RTL Lëtzebuerg
Géint 14.50 Auer krute sech am Norde vum Land 2 Gefierer ze paken. 3 Persoune goufe beim Accident blesséiert.

Aus bis ewell nach onbekannte Grënn huet e Chauffer d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass op d'Géigespuer geroden, wou e frontal an en aneren Auto gerannt ass. 3 Persoune goufe blesséiert, 2 dovu schwiewen a Liewensgefor.

De CGDIS, d'Police, 2 Rettungshelikopteren, de Samu, 4 Ambulanzen an de Miess- an Erkennungsdéngscht waren op der Plaz.

Accident Wemperhaart
E Sonndeg koum et am Norde vum Land zu engem Accident. Den Helikopter vun der Air Rescue war op der Plaz.

Zu Dikrech op der Esplanad sinn e Sonndeg an der Mëttesstonn 2 Gefierer net laanschtenee komm. De Bilan ass hei 1 Blesséierten.

1 Verwonnte gouf et op der N34 Tossebierg a Richtung Bartreng. Méi Detailer nennt de CGDIS net.

Um CR129 Jonglënster a Richtung Roudemer ass en Auto géint 15.24 Auer an de Gruef geroden, dobäi gouf 1 Persoun blesséiert.

Kuerz no 2 Auer an der Nuecht op e Sonndeg ass tëscht Zéisseng an dem Schléiwenhaff en Auto géint e Bam gerannt. 3 Persoune goufe verwonnt. Ënnert anerem war de Samu sur place.

E Sonndeg de Moie kuerz virun 8 Auer gouf et en Accident op der Areler A6 a Richtung Belsch. En Auto ass an d'Leitplanke gaangen, wou genee, datt gëtt am Bulletin vum CGDIS net präziséiert. De Chauffeur vun deem Won, dee blesséiert gouf, soll e Malaise gehat hunn.

Back to Top
CIM LOGO