Coronavirus zu Lëtzebuerg2 Persoune gestuerwen, vun 10.979 Tester waren der 190 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 586 läit.
© RTL

Aktuell si 68 (+3) Persounen hospitaliséiert, dovunner 13 (+2) op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.331 aktiv Infektiounen a 48.006 Persoune gëllen als geheelt.

E Méindeg goufen iwwerdeems 586 éischt Dosissen an 225 zweet Dosisse vum Vaccin gesprëtzt. Am Ganze sinn dat elo 13.241 Dosissen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,08. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO