
Wéinst Verdacht op Drogebesëtz gouf hie vun de Beamte vun der Police ënnersicht. Dobäi goufe 14 Kugele Kokain saiséiert. Bei enger Scanner-Untersuchung konnte weider 12 Kugele fonnt ginn. Op Uerder vum Parquet koum de Verdächtege virun den Untersuchungsriichter.
En ähnleche Virfall gouf et e Freideg den Owend an der Gliesener Strooss. Bei enger Kontroll hunn d'Beamte vun der Police e Mann festgeholl, deem seng Openthaltsgeneemegung fir Lëtzebuerg ofgelaf ass. Donieft gouf bei him e Scan vum Mo duerchgefouert, well de Verdacht op Droge bestoung. Hei konnten 9 Kugele Kokain festgestallt ginn. De presuméierten Drogendealer misst sech op Uerder vum Parquet virum Untersuchungsriichter veräntwerten.
An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg gouf zu Rouspert an der Rue de la Montagne an an der Stad an der Rue George Marshall agebrach.