
Bei der Kollisioun goufen 2 Persoune liicht blesséiert. Sur place waren d'Pompjeeën an eng Ambulanz vun Housen an d'Pompjeeë vu Clierf.
E Freideg den Owend um 17.45 Auer goufen an der Rue Denis Netgen zu Schëffleng e Foussgänger a säin Hond vun engem Auto ugestouss an dobäi blesséiert. De Mann koum mat enger Blessur um Been an d'Spidol, den Hond huet misse bei de Veterinär bruecht ginn. Eng Ambulanz vun Esch an d'Pompjeeë vu Schëffleng waren op der Plaz.
Zu Déifferdeng gouf et an der Avenue de la liberté kuerz no hallwer eelef e Freideg den Owend e weideren Accident. En Automobilist war hei an de Luuchtepotto gerannt. De Bilan sinn 3 Blesséierter. Am Asaz waren d'Ambulanz vu Péiteng a Esch, wéi och d'Pompjeeë vu Suessem/Déifferdeng.