Police2 Männer gräife Jugendlechen un a klauen Handy a Bancomatskaart

RTL Lëtzebuerg
Dat geet aus dem Police Bulletin ervir. Uechter d'Land goufen et dann och nach eng Rëtsch Accidenter.

Zwee onbekannte Männer hunn e Jugendlechen zu Bartreng an der Dippecher Strooss géint hallwer 5 e Mëttwoch de Mëtteg ugegraff an zerschlo. Dobäi hu si den Handy an d'Bancomatskaart vum Affer matgoe gelooss. No dem Iwwerfall hu sech béid Onéierlecher duerch d'Bascht gemaach. Bei enger Sich vun der Police konnte si net fonnt ginn. D'Affer stoung ënner Schock, gouf blesséiert an huet misse medezinesch behandelt ginn. Eng Enquête gouf opgemaach a Plainte gefouert.

Da gouf et nach en Accident op der N12 zu Déierbech, wéi eng Automobilistin vun der Schleef erfort a Richtung Féitsch ofbéie wollt. Aus nach ongekläerten Ursaachen huet si dobäi d'Kontroll iwwer hire Won verluer an ass e puer Meter weider am Rampli an den hëlze Potto gerannt. Duerch d'Kollisioun ass d'Gefier op d'Fuerersäit gekippt, e puer Meter iwwer de Makadamm gerëtscht, ier de Won dunn op der Fuerersäit un d'Stoe koum. Déi liicht blesséiert Automobilistin gouf an d'Spidol gefouert. De Won ass Schrott.

Géint 23 Auer e Mëttwoch den Owend ass op der A4 a Richtung Esch en Automobilist wéinst senger opfälleger Fuerweis gemellt ginn. Spéider konnt d'Police de Won zu Bieles stoppen. Den Alkoholtest war negativ, ma de Chauffer hat Droge konsuméiert. Bei béide Persounen, déi am Auto ware si ronn 33 Gramm Cannabis-Produkter fonnt ginn.

E Mëttwoch den Owend waren dann awer och nach zwee Automobilisten, déi ze vill gedronk haten, ënnerwee, dat zu Schëffleng an zu Heeschdref. Een Autofuerer hat schonns kee Permis méi.

Back to Top
CIM LOGO