Gemeng Kiischpelt2 Haiser opkaaft, fir abordabele Wunnraum ze schafen

Christophe Hochard
Zanter 15 Joer gëtt et d'Gemeng Kiischpelt. Si ass 2006 aus der Fusioun tëscht Wëlwerwolz a Kautebaach entstanen.
Abordabele Wunnraum an der Gemeng Kiischpelt
Fir d'Gemengeresponsabel ass et wichteg, abordabele Wunnraum ze schafen. Dofir goufen 2 Haiser opkaaft.

Siwen Uertschafte gehéieren zur Gemeng, an där 1.220 Awunner liewen.

Fir d'Gemengeresponsabel ass et wichteg, abordabele Wunnraum ze schafen. Dofir goufen 2 Haiser opkaaft. Si leien um Eck, wou viru Kuerzem e fréiere Bistro dem Buedem gläich gemaach gouf.

Dat aalt Haus mat der wäisser Fassad an der ugebauter Scheier gëtt et mëttlerweil net méi. Hei gëtt den Ament mat engem Architekt gekuckt, wéi ee spéider d'Haus a Wunnengen opdeele kann.

Dëst Haus ass aus de 70er Joren an elo och a Gemengenhand. Och hei entstinn abordabel Wunnengen. Si wäerte spéider verlount ginn.

Uewen am Duerf gëtt ablécklech gebaut. 6 Terraine goufen un de Fonds du Logement verkaf. Wichteg ass et als Gemeng, genuch Terrainen zur Verfügung ze hunn, fir esou Projete kënnen ëmzesetzen.

Ze séier wuessen, dierft d'Gemeng awer net, sou nach d'Gemengeresponsabel.

Back to Top
CIM LOGO