Um Mëttwochowend2 Blesséierter bei Accident tëscht Lëpschter Dällt an dem Fridhaff

RTL Lëtzebuerg
Den Accident war géint 17.35 Auer. Nieft dem Samu, waren och Pompjeeë vu Buerschent an Ettelbréck am Asaz, grad ewéi Ambulanze vun Dikrech an Ettelbréck.
© CGDIS

Ee Blesséierte gouf et no enger Kollisioun tëscht 2 Gefierer géint 17.20 Auer tëscht Léiweng a Beetebuerg. D'Pompjeeë Réiserbann an eng Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz.

Zu Rolleng an der Rue Tëtelbierg si kuerz no 19 Auer 2 Autoen net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. D'Pompjeeë vu Péiteng an d'Escher Ambulanz goufen an den Asaz geruff.

De CGDIS mellt dann nach, dass en Donneschdeg de Moie géint 10.30 Auer zu Rodange an der Rue Charlotte e Foussgänger ugestouss gouf. Eng Persoun gouf verwonnt. D'Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng war am Asaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Péiteng.

Zu Boufer an der Lëtzebuerger Strooss koum et zu enger Kollisioun tëscht 3 Gefierer, dat um kuerz virun 12.30 Auer en Donneschdeg de Mëtteg. Eng Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO