CGDIS2 Accidenter um Méindeg de Moien - 3 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Eng Kollisioun tëscht 4 Gefierer gouf et géint 7.15 Auer am Heischtergronn. 1 Persoun gouf dobäi verwonnt.

D'Ambulanz vu Wolz an den Asazzenter Alebesch waren op der Plaz.

Kuerz no 10 Auer huet et an der Stad an der rue de l'Hippodrome gerabbelt. 2 Autoe waren hei am Coup an et goufen 2 Persoune verwonnt. D'Ambulanze vu Mamer a Péiteng waren op der Plaz, grad wéi den Asazzenter aus der Stad.

Back to Top
CIM LOGO