Pensiounen ze niddreg fir d’Altersheem?2.452€ ass den Duerchschnëttspräis fir een Zëmmer an engem Altersheem

RTL Lëtzebuerg
D’Moyenne vun de Pensioune läit awer nëmme bei 2.109€ de Mount.
Pensiounen ze niddreg fir d’Altersheem?
2.452€ ass den Duerchschnëttspräis fir een Zëmmer an engem Altersheem.

Och mat der Hëllef vum Nationale Solidaritéitsfong géife verschidde Seniore sech schwéier doen, fir finanziell iwwer d’Ronnen ze kommen, esou eng Analys vun der Salariatskummer. Déi jo net just déi aktiv Populatioun vertrëtt, mee och d’Pensionnairen. Besonnesch Frae wäre betraff.

En Zëmmer am Altersheem ka sech nach laang net jidder Senior zu Lëtzebuerg leeschten. 76% vun de pensionéierte Fraen an 22% vun de pensionéierte Männer kréie manner Rent wéi en Ee-Bett Zëmmer am CIPA kascht. Den Duerchschnëttspräis läit bei 2.452€. An engem Fleegeheem souguer bei 2.706€. Just betreit Wunnen ass mat duerchschnëttleche 1.718€ méi erschwénglech. Op dës Basis-Präisser kéimen awer dann nach Supplemente bäi.

De Sylvain Hoffmann, Direkter vun der CSL:

Dat ka villes sinn, wat wierklech elo kee Luxus ass. Coiffeur zum Beispill muss awer sinn, Pedicure oder Botzerei, esou Saachen, déi kënnen drënner falen. En Telefonsabonnement wat ee jo awer och brauch. Also dat si lo keng Luxusleeschtungen, déi do net onbedéngt ofgedeckt sinn.  

Zwar gräift de Solidaritéits-Fong Leit finanziell ënnert d’Äerm, déi sech d’Altersheem net leeschte kënnen. Allerdéngs géifen déi 464€ Täschegeld, déi dem Accueil Gérontologique no jidder Senior sollt iwwreg hunn, fir zousätzlech Besoinen ze bezuelen, och no der finanzieller Hëllef nach laang net bei jidderengem iwwreg bleiwen. Dorunner misst sech séier eppes änneren, esou d’Fuerderung.

De Patrick Dury, Vize-President an der Chambre des Salariés:

Mir hätte gär eng Diskussioun doriwwer. Et gi verschidde Moyenen. Entweder mir setzen d’Renten erop fir déi Leit, déi concernéiert sinn. Oder mir ginn eng Zort vun Hëllef oder mir passen d’Präisser fir déi Leit un.

D’Zuel vu Senioren an Altersheemer, déi op finanziell Ënnerstëtzung ugewise wieren, wär an de leschte Joren net an d’Lut gaang, krute mer op Nofro beim FNS matgedeelt. Virun 10 Joer hätte ronn 15% Hëllef gebraucht, haut wieren et just 10%. Et kéint awer sinn, datt vill méi Leit Hëllef brauchen, wéi der duerno froen.

D’Salariatskummer iwwerdeems fuerdert och méi Transparenz, wat d’Präisser an d’Qualitéitskritären a Kontrollen an den Alters a Fleegeheemer ugeet.

De Familljeministère iwwerdeems seet, et wier een am gaang un engem Gesetzesprojet ze schaffen, deen d’Qualitéitskritären definéiere soll a virop méi Transparenz bei de Präisser verschafe soll. Dës sollen dann an Zukunft op de Websäiten affichéiert ginn mat den Zousazkäschten, déi fir eenzel Servicer ufalen. Zil wier et, de Gesetzesprojet Ugangs 2020 an de Regierungsrot ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO