
90 Kilometer an der Stonn ass am Tunnel Cents erlaabt. Ma e Freideg den Owend hat en Automobilist hei knapp méi wéi dat duebelt vun deem um Tacho. De Permis gouf agezunn an de Mann gouf protokolléiert.
Net grad esou séier wéi op der A1 war e Sonndeg e Mann zu Uewerfeelen ënnerwee. 169 Kilometer an der Stonn hat hien drop, wéi hien, wou 90 erlaabt ass, laanscht d'Police gefuer ass. Och hei war de Führerschäi fort an de Mann gouf protokolléiert.