Coronavirus zu Lëtzebuerg18 Positiver bei 7.044 Tester, kee weidert Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 818 bliwwen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell sinn 10 (+2) Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 op der Intensivstatioun. De leschten Doudesfall gouf den 1. Juni gemellt.

Am Ganze goufe bis ewell 460.550 Dosisse genotzt. 4.999 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 2.972 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,74. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO