
Haaptsächlech gouf gekuckt, ob sech op d'Reegel vun der Ausgangsspär gehale gouf. Eleng an deem Kader goufen et 280 Kontrollen. Ma och déi sanitär Konzepter a Supermarchéen an Usammlunge vu Mënsche goufe kontrolléiert.
170 Persoune hu missten eng Verwarnung bezuelen, dovun ongeféier 90%, well sech net un de Couvre-Feu gehale gouf.
A siwe Fäll gouf sech net un déi sanitär Virschrëfte gehalen an dat gouf och den zoustännegen Autoritéite signaliséiert.