Centre Ulysse15 Leit mussen nach relogéiert ginn, da ka Centre renovéiert ginn

Maxime Gillen
De Centre Ulysse fir Sans-Abrisen zu Bouneweg um leschte Steiwer misst eigentlech fir Reparaturaarbechten un den Offlossréier zougemaach ginn.
Centre Ulysse
De Centre Ulysse fir Sans-Abrisen zu Bouneweg um leschte Steiwer misst eigentlech fir Reparaturaarbechten un den Offloss-Réier zougemaach ginn...

Dat geet awer net, well fir eng 15 vun de 64 Sans-abrisen, déi do wunnen, bis ewell nach keng Plaz fonnt gouf, fir provisoresch ënnerzekommen. E Mëttwoch sinn d'Direktioun vun der Caritas mam Familljeministère zesummekomm, fir no enger Solutioun vum akute Problem ze sichen, respektiv vläicht och schonn e Schrëtt weider ze goen.

Den Andreas Vogt vun der Caritas: „Also wa mir elo déi lescht 15 relogéiert kréien, da fänken d'Aarbechten un direkt an de Réier an der Kanalisatioun. Mir hu parallel dozou awer d'Diskussioun mam Familljeministère fir ze soen, ok mir profitéieren dann, fir dat ganzt Gebai ze renovéieren. Net, dass mir an zwee Joer dann erëm mussen Aarbechte maachen, well d'Heizung net méi gutt ass oder eppes. Déi Diskussioune lafen nach mam Familljeministère an duerno wäerte mir zesumme mam Ministère bei d'Bâtiments publics goen, fir ze kucken, wat ass méiglech an a wat fir engen Delaie wier et méiglech."

De Gros vun de Leit aus dem Centre Ulysse si bis ewell an der neier Opfankstruktur um Findel ënnerkomm. Dat neit Gebai vun der Wanteraktioun ass nach net fäerdeg an dat aalt net méi disponibel.

Back to Top
CIM LOGO