
E Mëttwoch de Moie gouf et dann nach zwee Accidenter. Zu Steesel an der Rue Basse ass géint 8.30 Auer een Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt, et ass awer beim Materialschued bliwwen.
Géint 9.40 Auer ass dann zu Proz an der Rue Principale en Auto an e Bus gerannt, hei ass eng Persoun verwonnt ginn.