
D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an den Energieminister Claude Turmes hunn den Etat des lieux vun der Lëtzebuerger Klimapolitik gemaach a virgestallt.
De Bilan vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an dem Energieminister Claude Turmes fält optimistesch aus: 2020 gouf d'Klimazil souguer méi wéi erreecht: Par Rapport zu 2005 huet Lëtzebuerg seng Emissiounen ëm 22% reduzéiert. Dobäi huet allerdéngs d'Joer 2020 eng wichteg Roll gespillt, well wéinst dem Lockdown signifikativ manner CO2-Emissiounen ausgestouss goufen.
Déi weider Reduktioune ginn op déi 5 Secteuren Transport, Bau, Industrie, Landwirtschaft an Offall-Gestioun verdeelt.
Eng Rei Gremie mat Wëssenschaftler, Acteuren aus de verschiddene Secteuren an och ONGe sollen elo konkret Strategien ausschaffen.
D'Klimapolitik soll vun engem Observatoire iwwerwaacht ginn. Et soll dann och eng Feuille de décarbonisation ausgeschafft ginn. De Claude Turmes weist sech optimistesch. Hie fuerdert en europäesche Kader fir Bäihëllefen, fir der Industrie d'Transitioun vu fossillen op ëmweltfrëndlech Energien z'erméiglechen. D'Carole Dieschbourg betount iwwerdeems, dass d'Zäite vum Emissiounshandel eriwwer wieren.
E weidere grousse Volet gesäit de Claude Turmes am Transport, deen zu Lëtzebuerg fir de gréissten Deel vun den CO2-Emissioune responsabel ass. Hie gesäit e grousst Potential am Vëlo an am ëffentlechen Transport, deen elektrifizéiert soll ginn. Bis 2030 sollen hei d'CO2-Emissiounen ëm 50 Prozent reduzéiert ginn. Konkreet Pläng fir den Ausbau vun den Transportnetzer goufen awer net presentéiert.
E grousse Problem wier och den Tanktourismus: Dëse wier fir iwwer 70 Prozent vun den Emissiounen am Transportsecteur responsabel. Dofir soll an Zukunft manner Bensin an Diesel un Net-Residentë verkaf ginn. Och am Bausecteur plangt d'Regierung gréisser Changementer: Hei dierfe vun 2023 u keng Diesel-Heizunge méi agebaut ginn. Allgemeng wier nach vill Aarbecht ze maachen, esou d'Carole Dieschbourg.
Kloer Sanktioune, wa Klimaziler net erreecht ginn, ginn et awer nach keng. D'Regierung setzt op e Verdeelungsmechanismus, mat deem ee Secteur engem anere Secteur seng viséiert Reduktioune kompenséiere kann, déi nach feelen: Et géing net nëmmen drëm ze froen, wat géing geschéien, wann d'Ziler net erreecht ginn, ma et sollt ee kucken, wat ee méi maache kéint, erkläert d'Carole Dieschbourg.
Fir d'Industrie sollen et nei Aidë ginn, déi d'Transitioun vu fossillen ob renouvlabel Energie-Sourcen erliichteren, esou de Claude Turmes: "Dat nennt sech contracts for difference. Wann ech als Industriellen noweise kann, dass ech a grénge Waasserstoff ginn oder meng fossil Energien duerch Stroum ersetzen an dat méi héich Käschte verursaacht, da kann ech déi Käschten iwwert eng Aide ausgläichen."
De Bilan soll vun elo un eemol d'Joer gemaach ginn. Spéitstens 2050 soll Lëtzebuerg da klimaneutral sinn.
E Mëttwoch gesäit d’Ëmweltministesch iwwregens hir EU-Homologen hei zu Lëtzebuerg, fir ënnert anerem de Weltklimasommet am November zu Glasgow ze preparéieren.
Fannt hei de komplette Communiqué vum Etat des lieux.
