Tëschefall zu Näertrech10 Joer Prisong wéinst versichtem Doudschlag

RTL Lëtzebuerg
Am Oktober 2019 hat zu Näertrech e Locataire vun enger Wunneng dem Proprietär no engem Sträit an déi lénks Schëller geschoss.
© RTL-Archiv

En Donneschdeg gouf um Dikrecher Geriicht d'Urteel an där Affär gesprach.

Den 83 Joer alen Täter krut wéinst versichtem Doudschlag 10 Joer Prisong, dovunner der 6 op Sursis. De Parquet hat 20 Joer Prisong wéinst versichtem Mord gefrot.

D'Affer hat iwwerlieft, an zu de Sursis-Conditiounen gehéiert ënnert anerem, dass den Täter hie 5 Joer laang entschiedege muss.

Schéisserei zu Näertrech, 1 Persoun schwéier blesséiert (27. Oktober 2019)

Back to Top
CIM LOGO