Accident mat déidleche Suitten1 Persoun war ëm d'Liewe komm, 3 Männer kréien de Prozess gemaach

RTL Lëtzebuerg
Am Prozess ëm en Accident mat déidleche Suitten am Oktober 2014 op der Saarautobunn, hunn d'Plädoyere vun den Affekote vun den Ugekloten ugefaangen.
© Archivbild

Dobäi huet d'Affekotin vum Beschëllegten, deen zanterhier am Rollstull sëtzt, deem säi Fräisproch gefuerdert.

Virun eppes méi wéi 5 Joer ware moies fréi am décken Niwwel kuerz noeneen zwee Accidenter tëscht den Opfaarten Altwis a Fréiseng geschitt, an déi am Ganze 5 Autoe verwéckelt waren. En 30 Joer ale Mann aus engem Gefier war déidlech verwonnt ginn. 3 Männer kréien dowéinst de Prozess gemaach, si hunn en Dënschdeg ausgesot.

Stater Geriicht/Reportage Eric Ewald

Woubäi deen Ugekloten, dee Schwieregkeete beim Goen huet, keng Erënnerung un d'Accident hat. De Beschëllegten am Rollstull ka sech net erkläerten, wéi säin Accident geschitt ass. Dat 1. an der Rei, hie wéisst just, dass hien eng Telefonssail ze pake krut, op d'Strooss geschleidert gouf, déi ganz Zäit gebremst, ma keng Kontroll méi gehat hätt. Hie wär aus sengem Won geklommen, hätt d'Winkeren ugemaach, de Warn-Gilet ugedoen an nach ugeruff, wéi hien en Auto héieren hätt. Deen hätt hien ënnert dem Becken ze pake kritt, wouduerch hie widder d'kalifornesch Mauer gedréckt gi wär. "War dat e Choc mam Gefier vum 3. Ugekloten?", wollt de President vum Geriicht wëssen. "Jo", sot de Mann, deen zanter dem Accident queeschschnëttsgeläämt ass. Fir deen 3. Beschëllegte wär op der Plaz vum Accident keen Niwwel gewiescht. Hien hätt op eemol de Won gesinn, an deem dat spéidert Doudesaffer souz - hie wär zwar voll op d'Brems gaangen, ma d'Distanz wär ze kuerz gewiescht - an hätt dono dee vum Mann am Rollstull gesinn. Hie wär net ze séier gefuer an hätt genuch Ofstand gehat. Seng Ausso, den Auto mam spéideren Doudesaffer dran hätt sech senger Meenung no eriwwerbeweegt, huet de Riichter domat widderluecht, dass all d'Tracen op der Iwwerhuelspur waren.

Um Ufank vun der Sëtzung hat e Geriichtsmedeziner erkläert, d'Doudesaffer wär duerch e Polytrauma op Grond vum zweete Choc gestuerwen. Eleng d'Affekote vun der Famill vum Doudesaffer, vum Mann am Rollstull a senger Famill a vum Mann, dee Schwieregkeete beim Goen huet, a senger Fra hunn en Dënschdeg ronn annerhallef Millioun Euro Schuedenersatz gefrot. Um Enn hat d'Me Lisa Wagner, Affekotin vum Mann am Rollstull, gemengt, deen hätt scho liewenslänglech kritt an et wär schwéier ze begräifen, dass hien de Prozess gemaach krit.

Dëse Prozess dierft e Mëttwoch op en Enn kommen.

Back to Top
CIM LOGO