Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Persoun gestuerwen, vun 10.577 Tester waren der 203 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 587 läit.
© RTL

Aktuell sinn 71 (+3) Persounen hospitaliséiert, dovunner 14 (+1) op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.449 aktiv Infektiounen an 48.092 Persoune gëllen als geheelt.

En Dënschdeg goufen iwwerdeems 590 éischt Dosissen an 422 zweet Dosisse vum Vaccin gesprëtzt. Am Ganze sinn dat elo 14.252 Dosissen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,15. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO