Policeminister1.900 Strofdoten an der Stad an 2 Méint

RTL Lëtzebuerg
Um Territoire vun der Stater Gemeng goufen et tëscht November an Dezember ronn 1.900 Strofdoten, dovunner sinn der wärend dem Couvre-feu 275 geschitt.

Wéi de Police-Minister Kox matdeelt, wieren 2020 nuets däitlech manner Fäll vun Delinquenz wéi déi Joren virdrun - wou et natierlech och keng Ausgangsspär gouf.

Et waren d‘ADR-Deputéiert Kartheiser a Keup, déi dës parlamentaresch Fro gestallt hunn a wollte wëssen, ob et méi Strofdoten gouf wéi soss an ob d'Aarbecht vun der Police méi schwiereg gëtt, well d'Leit maskéiert ënnerwee sinn.

PDF Parlamentaresch Fro an Äntwert

Back to Top
CIM LOGO