
D’Grenze vu Lëtzebuerg zéie sech an enger globaliséierter Welt ëmmer méi enk beieneen. De Misär vun internationale Katastrophe réckelt gefillt ëmmer méi no un eis erun. E Krich an eisem noen Ëmfeld? Dat konnte mer eis virun e puer Joer knapps virstellen, an dach hält de Konflikt tëscht Russland an der Ukrain lo scho méi wéi véier Joer un. Och déi rezent Eskalatiounen am Noen Osten hunn eis all déif markéiert. Virun allem d’Froen iwwert d’Energie-Liwwerungen an d’Präisdeierecht halen d’Debatten aktuell. Leider gehéieren dës Nouvellen entretemps zum Alldag. Mir fannen eis mat de Biller aus de Katastrophegebidder of, soulaang mer net selwer mat gréissere Limitatioune konfrontéiert sinn.
Och d’politesch Spannungen an den USA begleeden eis. Dobäi hoffe mer, datt déi international Relatiounen an de globalen Handel mat liewensnoutwendege Ressourcen net ewechbriechen. Parallel veronsécheren eis d’Walresultater an Däitschland, wou extreem politesch Stréimungen d'Iwwerhand huelen an zum Beispill d’Iddi vun enger grouss däitscher Eenheet opliewe loossen. A Frankräich kënnt et ëmmer nees zu schroen Affrontementer, wou onbedeelegt Mënschen alles verléieren, andeems et vu Casseure futti gemaach gëtt. Op allen Niveaue stellt sech d’Fro: Wou bleiwen déi demokratesch Wäerter, op deenen d'EU u sech dach opgebaut gouf? Hu mer vergiess, firwat dëse Projet entstanen ass?
Zu dëse sozialpolitesche Konflikter kommen aner grouss Erausfuerderungen, déi mer selwer verschëlden: digital Ofhängegkeet, Cybersécherheets- an ëffentlech Gesondheetsfroen grad wéi Ëmweltkatastrophen.
Fir op all dës Geforen z’äntwerten, ass eist Land vun eisen europäesche Partner ofhängeg. An nawell probéiert Lëtzebuerg seng eege Strategie ëmzesetzen. Sou gouf zum Beispill de Verdeedegungsbudget bannent zwee Joer bal verduebelt.
An dësem onstabillen Ëmfeld kritt de "Lëtz" am Kontext mat "prepare" eng ganz nei Ausriichtung. Wat op den éischte Bléck wéi eng feierlech Image-Campagne kléngt, ass u sech eng national Mediecampagne fir den Eeschtfall virzebereeden. Froe wéi, "Bass de prett, wann d’Waasser net méi leeft?", verdéiwen awer éischter Ängschten an Zweifel iwwer d'Zukunft.
Noutfallpläng a strateegesch Viraussiicht sinn ouni Fro fundamental Aufgabe vun engem Staat. Et ass d'Roll vun de gewielte Vertrieder, d'Land mat sécherer Hand ze féieren. Sou eng breet ugeluechten Noutfallcampagne léist awer éischter en onséchert Gefill bei de Bierger aus. Eng proaktiv Krisepolitik sollt Vertraue stäerken an d’Leit mathuelen, ouni Pessimismus ze verbreeden. A schwieregen Zäite brauche mer politescht Engagement, dat Stabilitéit a Sécherheet vermëttelt a parallel déi noutwendeg Preventioun mat aplangt.