
Bei eise franséischen Nopere schléit de Fall vum 11 järege Lyhanna de Moment héich Wellen, a mat Recht. Dausende vu Mënsche ginn an zeg Stied op d’Strooss fir sech fir Respekt, Gerechtegkeet an e bessere Schutz vu Fraen a Kanner anzesetzen. Datt et sou wéit huet misse kommen, fir dat e rezidiven Täter aus der Gesellschaft gezu gëtt, erféiert mech einfach nëmmen extrem. Net nëmmen, well e jonkt Meedchen e schrecklechen Doud erfuer huet, mee och well aner Kanner a Fraen a grousser Angscht an Onsécherheet hu misse liewen.
Wéi konnt et sou wéit kommen, a wéi wier eng ähnlech Situatioun zu Lëtzebuerg gehandhabt ginn? Wahrscheinlech ass et d’Resultat vun engem komplexen Zesummespill vu Prozeduren an Ofleef déi dozou gefouert hunn, dat den Ugekloten trotz Plainten a Réckfäll op fräiem Fouss bliwwen ass a weider Kontakt mat jonke Meedercher hat. An dat obwuel schonn juristesch Schrëtt engagéiert waren an och Leit aus sengem Ëmfeld Bedenken iwwer säi Verhalen haten. Datt de presuméierten Täter seng grujjhleg Dot konnt man, ass wuel net op eng eenzeg Persoun oder Instanz zeréckzeféieren. Villméi stellt sech d’Fro, ob verschidde Schwaachstellen am System dozou bäigedroen hunn, datt Warnsignaler zwar erkannt, awer net konsequent opgegraff a weiderverfollegt goufen.
Hei am Land hu mir Instanzen a Gesetzer, déi sou dramatesch Situatiounen solle verhënneren – mee geet dat duer? Nieft dem juristesche System dréit och d’Gesellschaft als Ganzt, an domat jidderee vun eis, Responsabilitéit.
Haut gëtt vill iwwer Rechter geschwat, mee d’Pflichten als Staatsbierger ginn dacks manner bewosst wouer geholl. De Responsabele vum Sportsclub an dem de presuméierten Täter mat senge Kanner aktiv war, ass mat sengem Scholdgefill un de Public gaangen. Mee virwat huet Keen da wierklech reagéiert a gehandelt? Ass eis Gesellschaft sou onperséinlech ginn an sou staark op digital an immateriell Kontakter ausgeriicht, dat mer net méi an der reeller Welt liewen? Ass et e konstante Biller- an Informatiounsiwwerfloss, deen dozou féiert, datt mir problematescht Verhalen net méi kloer erkennen oder a Fro stellen? Oder ass et de Respekt virun der Privatsphär respektiv d’Angscht virun enger ëffentlecher Accusatioun am Kontext vun ëmmer méi strikten Dateschutzreglementer déi eis zréckhalen? Vill Froen ouni Äntwerten.
Och wa mir zu Lëtzebuerg Vertrauen an eis Institutiounen hunn an dovun ausginn dat d’Police éischter agegraff hätt, gesi mir och hei ëmmer méi heefeg brutal a schwéier novollzéibar Verbriechen, déi an enger gutt protegéierter an technologesch evoluéierter Gesellschaft net dierften entstoen.
Vertrauen an eis Institutioune bleift wichteg. Awer eng oppen, waakreg a responsabel Gesellschaft bleift déi bescht Garantie, fir déi Schwächst ënner eis ze schützen.