Dräi Deeg no desastréisen IwwerschwemmungenZuel vun Affer klëmmt weider, 93.000 Mënsche vu Katastroph am Himalaya betraff

AFP, iwwersat vun RTL
Dräi Deeg no der Katastroph klëmmt de Bilan vun den Doudesaffer op iwwer 600. De Gros dovunner aus dem Nepal. 2.980 Mënsche ginn nach ëmmer vermësst.
Grouss Hoffnung, Iwwerliewender ze fannen, besteet net.
Grouss Hoffnung, Iwwerliewender ze fannen, besteet net.
© JIANG FAN/Xinhua via AFP

Dräi Deeg nom Äerdrutsch an de massiven Iwwerschwemmunge geet d'Zuel vun den Doudesaffer weider an d'Luucht. Am Nepal goufen 675 Doudeger gezielt an 2.426 Persoune ginn nach vermësst, dorënner och 517 Auslänner. Dat huet d'nepaleesesch Katastropheschutzagence e Samschdeg matgedeelt. Aus der chineesescher Regioun Tibet goufe bis ewell 7 Affer gemellt nieft 554 Vermëssten.

D'Sich- a Rettungsaktiounen un der Grenz tëschent dem Nepal an der autonomer Regioun Tibet lafe weider. Et gëtt no am Ganzen 2.980 Vermësste gesicht. Keng einfach Aufgab fir d'Rettungsekippen, déi am ganz Bulli um Buedem net gutt weiderkommen. Donieft besteet och weiderhin de Risk vun Iwwerschwemmungen.

Derbäi kënnt, datt et net evident ass, d‘Doudesaffer z‘identifizéieren. Bis ewell goufe méi wéi 230 Läiche fonnt, vun deenen der nëmme 4 identifizéiert goufen. D‘Iwwerreschter missten awer elo begruewe ginn, fir méiglech Risike fir déi ëffentlech Gesondheet z‘evitéieren, heescht et vun den Autoritéiten. Iwwerhaapt besteet de Risiko, datt an de betraffene Gebidder Infektiounskrankheeten ausbriechen. Ofwaasser kéint an Drénkwaasserquelle geroden zum Beispill.

Vill Iwwerliewender hunn alles verluer, net just Famill a Frënn, mä och hiert Doheem an alles, wat si besëtzt hunn. "Sämtlech Siidlungen an der Géigend vum Floss si fort", sou een Iwwerliewende géintiwwer der Noriichtenagence AFP, "et ass näischt méi iwwreg."

E Mëttwoch war eng gewalteg Well aus Waasser, Bulli, Äis an Debrisen duerch d'Grenzgebitt tëscht Nepal an Tibet gestréimt an huet ganz Uertschafte matgerappt an zerstéiert. Zur Katastroph koum et nodeems e Gletscher ofgebrach war.

Der Aschätzung vun Internationalen Hëllefsorganisatiounen no kéinten op d'mannst 93.000 Persoune vun der Tragedie betraff sinn.

Liest och:

Back to Top
CIM LOGO