MAE huet "keng Kenntnis" iwwer Lëtzebuerger am GebittIwwer 1.400 Vermësster an Honnerten Doudeger no Äerdrutsch am Nepal an Tibet

AFP, iwwersat vun RTL
No massiven Iwwerschwemmungen am Himalaya-Staat Nepal an am Tibet ginn ënner anerem Honnerten Touriste vermësst.
Een Dag nom Äerdrutsch am Nepal an Tibet
Op de Satellittebiller ass d'Ausmooss vun der Katastroph däitlech ze gesinn. D'Gefor vu weideren Iwwerschwemmunge besteet weiderhin.

Am Nepal goufe ganz Dierfer wéinst Iwwerschwemmungen am Grenzgebitt mat ewechgespullt, déi duerch staarke Reen ausgeléist goufen. En Donneschdeg gouf d'Zuel vun den Doudesaffer op bal 400 erhéicht. Wéi d'nepaleesesch Police matgedeelt huet, goufen 392 Läiche gebuergen. Chineesesch Medien hu bis ewell 3 Doudeger confirméiert. Den nepaleeseschen Autoritéiten no ginn 910 Persoune vermësst, dorënner och 517 Auslänner. China mellt 558 Vermësster am Tibet, dorënner 260 Auslänner.

D'Autoritéite schaffen dorunner, den Openthalt vun de vermëssten Auslänner ze klären. D'Ausmooss vun der Katastroph ass nach onkloer an d'Policebeamte konnten zu ville vun hiren Aarbechtskolleegen an de betraffene Gebitter nach kee Kontakt hierstellen.

Et ass ze erwaarden, datt d'Zuel vun den Doudegen nach klëmmt. Vill Doudesaffer goufe vill Kilometer e Floss erof un der Grenz zu Indien entdeckt. Si ware vun de Waassermassen extreem wäit matgerappt ginn. Rettungsekippe versichen nach ëmmer ënner immens schlechte Konditiounen am äiskale Bulli no Vermëssten ze sichen.

Ënnert de vermëssten Touriste wieren ënner anerem Leit aus den USA, Indien, Malaysia a Groussbritannien, Holland a Portugal genee wéi 62 Touristen aus dem Nepal, huet et vun der nepaleesescher Tourismusagence geheescht. Dat däitscht auswäertegt Amt sot, et hätt ee keng Informatiounen, datt Däitscher betraff wieren.

Op d'mannst 19 Doudeger no schroem Äerdrutsch am Nepal
No massiven Iwwerschwemmungen am Himalaya-Staat Nepal ginn Honnerten Touriste vermësst. Zu der lokaler Populatioun ginn et den Ament nach keng Zuelen.

"Ech hu gesinn, wéi d'Waassermassen aacht oder néng Camione mat ewechgerappt hunn, donieft Haiser a Mënschen", esou de Léierer Suman Chalise aus dem nepaleesesche Bezierk Nuwakot. "Et war ganz schlëmm. Esou eng Zerstéierung hunn ech nach ni gesinn." D'nepaleesesch Arméi huet Helikopteren a Rettungstrupps an d'Katastropheregioun geschéckt. Eng Rei grouss Verkéiersachse si blockéiert.

D'nepaleesesch Arméi huet schonn Honnerte Mënschen aus de betraffene Gebidder ausgeflunn. Ënnert hinne sollen och 20 Auslänner sinn, dorënner 11 aus Indien, 6 aus China, 2 aus den USA an 2 aus Italien. Nach ëmmer wieren Honnerten Touristen net erreechbar.

Wat genee den Äerdrutsch kéint ausgeléist hunn, war e Mëttwoch nach onkloer. Vum US-Äerdbiewen-Institut USGS heescht et awer, e Gletscher-Ofbroch hätt en Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 5,2 op der Richterskala ausgeléist, dat doropshin zum Äerdrutsch gefouert huet.

Een Expert geet dovunner aus, datt d'Gefor nach net eriwwer ass. Wéinst engem blockéierte Waasserlaf tëscht dem Nepal a China "kéint eng zweet Flut optrieden", esou de Qianggong Zhang, de Chef vum Departement fir Klima- an Ëmweltrisiken am International Centre for Integrated Mountain Development (Icimod), der AFP géigeniwwer. Donieft ass fir déi nächst Deeg nach Ree gemellt.

Ausseministère weess näischt vu Lëtzebuerger Residenten am Gebitt

Vum Lëtzebuerger Ausseministère wollte mir wëssen, ob am betraffene Gebitt sech eventuell och Lëtzebuerger Residenten ophalen. Den Ament hätt een doriwwer keng Kenntnis, esou den MAE op Nofro hin. Et wier een awer am Echange mat der lëtzebuergescher Ambassade an Indien, déi mat den nepaleeseschen Autoritéiten am Kontakt ass an d'Situatioun suivéiert.

À ce stade huet den Nepal nach keng Ufro fir Hëllef gestallt, och net iwwer d'Europäesch Kommissioun. Lëtzebuerg wier an der Vergaangenheet schonn e puer Mol am Nepal aktiv gewiescht. notamment am Kader vun den internationalen Hëllefsmoossnamen no Katastrophen.

Hëllef aus dem Ausland

Aus dem Ausland koumen nieft sëllege Bäileedsmessagen och vill Hëllefsofferen, sou zum Beispill vum Bundeskanzler Friederich Merz. Den UN-Generalsekretär António Guterres huet der nepaleesescher Regierung Hëllef duerch Ekippe vun de Vereenten Natiounen zougesot. An och aus den USA koum Ënnerstëtzung a Form vun Zelter, frëschem Waasser an aneren Hëllefsgidder. Am Ganze chiffréiert sech d'US-Hëllef op 500.000 US-Dollar, sou den Ausseministère.

D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet och vun europäescher Säit versprach, Ënnerstëtzung ze mobiliséieren. Den Äerdobservéierungsservice Copernicus wier am Kader vun enger Kartographie vum betraffene Gebitt aktivéiert ginn. Donieft huet nach d'indesch Regierung huet eegenen Aussoen no bis ewell scho 47,5 Tonnen Hëllesgidder an den Nepal geflunn, dorënner Medikamenter, Zelter, Decken, Solarluuchten a Liewensmëttel.

D'UNO huet iwwerdeems zwou Milliarden Dollar fir medezinesch Nouthëllef, Drénkwaasser an Zelter bereetgestallt. D'Weltgesondheetsorganisatioun WHO huet medezinescht Material fir d'Versuerge vun 10.000 Mënsche geschéckt.

Back to Top
CIM LOGO