Dëse Video ass déi laang Versioun vum Interview mam Ahmad Mansour.
Den israeelesch-däitsche Psycholog, Auteur an Extremismus-Expert arabesch-palestinensescher Hierkonft lieft zanter 2004 an Däitschland a beréit do och Administratiounen a politesch Institutiounen. Seng Positiounen zum Sujet vun der Migratioun stoussen esouwuel op breet Zoustëmmung wéi awer och op breet Kritik.
Iwwerrascht hätt hien den islamisteschen Uschlag zu Berlin um Christopher Street Day e Samschden (25. Juli) zu Berlin net. "Ech sinn iwwerrascht, dass d’Leit iwwerrascht sinn", seet den Ahmad Mansour um Telefon.
Nom Uschlag vum 7. Oktober 2023 vun der Hamas op Israel an dem Krich dono am Noen Oste wier et zu enger Radikaliseierungswell an Europa komm. Quasi all Woch kënnt et zu Uschléi. Deemno kéint hien net verstoen, wisou ëmmer no engem Attentat esou vill Froe géinge gestallt ginn an een dann nees zum Alldag iwwergeet an déi grouss Menace matzen an der Gesellschaft vergësst.
Den Islamesche Staat (IS) géing probéieren, Uschléi an Europa ze maachen an och d’Mullahregimmer wiere ganz aktiv, fir jonk Leit unzewerben. Zu aktiven Netzwierker géingen hei ënner anerem d’Hezbollah an d'Hamas zielen. An de leschte Joren hätt een awer och mat Eenzeltäter ze dinn, déi sech an de soziale Medie radikaliséiert hunn an zu kenger Terrororganisatioun gehéieren. Bei dëse Mënsche géing et sech ëm Jonker op der Sich no enger klorer Identitéit, no Halt an Orientéierung, handelen. "Mir erliewe weltwäit eng Multikris, déi ganz belaaschtend fir jonk Mënschen ass", ënnersträicht den Ahmad Mansour. Si wieren iwwerfuerdert a géingen no enger Entlaaschtung a Kloerheet sichen. D’Islamiste géingen dat ausnotzen an eng Offer maachen, déi dann net géing als Radikaliséierung, mee als Entlaaschtung ugesi ginn. Mam Gefill ukomm ze sinn an eng Identitéit ze hunn.
Fir esou enger Entwécklung entgéint ze wierken, kéint d’Politik vill maachen. "Als éischt mengen ech, dass d’Begrenzung vu Migratioun ka ganz hëllefräich sinn. Fir de Chiffer vun de Leit, déi geféierlech kënne sinn, erof ze bréngen. Mir ware ganz naiv ze mengen, et géing gutt goen, Leit mat enger anerer Sozialisatioun, mat engem anere Wäertesystem opzehuelen", seet den Extremismus-Expert. Natierlech géinge sech net all d’Leit radikaliséieren, mee se géingen dacks a Parallelwelte liewen a sech net integréieren. Vun deem Ament un, wou Grondwäerter vun der Gesellschaft ofgeleent ginn, géing eng riseg Chance bestoen, dass se sech kéinte radikaliséieren.
Den Ahmad Mansour kritiséiert dann och, dass de Staat net repressiv genuch virgeet. "Mir brauche Strofen, déi ofschrecken", fuerdert hien. England a Frankräich géingen dat scho besser maache wéi Däitschland. Zu deem, wat d’Preventioun ugeet, de Beräich, an deem den Ahmad Mansour schafft, seet hien, misst "ëm all Séil gekämpft ginn". Et misst ee méi séier sinn, wéi d’Islamisten a fir déi Mënschen do sinn. "Fräiheet ass ustiechend, Fräiheet ass groussaarteg. Islamismus ass eng immens ustrengend Ideologie. An dofir verstinn ech net, wisou d’Islamiste méi erfollegräich sinn, fir Mënsche fir sech ze gewannen", ënnersträicht den Ahmad Mansour. Grad am Internet wier e Feld, wat een nach ze vill géing den Islamisten iwwerloossen.
Déi lescht 10 Joer gouf an Däitschland ëmmer nees doriwwer diskutéiert, ob eng Uewergrenz fir d’Migratioun sënnvoll wier. De Psycholog stellt hei kloer, dass d’Ressource vun engem Land begrenzt wieren, wann een Integratioun wéilt richteg maachen. Wann ee se géing anescht gesi wéi just no der Sprooch, plus der Aarbecht minus dem Kriminalitéitstaux ze kucken. Et géing dorëm goen, dass musse Grondwäerter verënnerlecht ginn, bei Mënschen, déi ganz anescht opgewuess sinn. Dat bräicht vill Zäit. "Et kann een 100.000 Mënsche pro Joer gutt integréieren, mee net 1,1 Millioun", sou seng Aschätzung fir Däitschland.
Hätt een op Frankräich an England gekuckt, hätt ee scho kéinte gesinn, wat passéiert, wa Parallelgesellschaften entstinn. Hei wier et a ville Fäll net gelongen, dass dës Mënsche Kontakt zu der "Mehrheits-Gesellschaft" hunn. Dëst wier awer eng Aarbecht, déi misst gemaach hunn.
Migratioun begrenze fir Gefor vun Attentater ze reduzéieren.
"Deen Ament, wou ee gesot huet, dass mer Wäerter vermëttele mussen, koum Die Linke, an huet gesot, dass dat rassistesch wier, well een dovunner ausgeet, dass dës Leit aner Wäerter matbréngen. Natierlech bréngen dës Leit aner Wäerter mat", stellt den Ahmad Masour fest.
Och am Kontext vum rezenten Attentat zu Berlin huet de Psycholog Die Linke kritiséiert, fir den Ëmgang mat der Tragedie. Dëst well d’Partei e laange Statement gemaach huet, ouni eng Kéier d’Wuert Islamismus ze benotzen. A genau do léich de Problem. Leit, déi iwwert de Sujet wéilte schwätzen, géinge séier als Rassisten ofgestempelt ginn. Och den Ahmad Masour selwer, dee Moslem ass, muss sech vun Die Linke unhéieren, en Islamfeind an Islamophob ze sinn. "Dofir ass Die Linke fir mech kee Partner am Kampf géint den Islamismus an och kee Partner am Kampf fir d’Demokratie. Si verfollegt eng radikal Identitéitspolitik, déi Antisemitismus an Islamismus fërdert, amplaz se ze bekämpfen", sou de Reproche.
Ënnert dem Stréch wier dat Wichtegst d’Zesummenhale vun der Demokratie. Et wiere Kräften an der Gesellschaft, vu riets, vu lénks, vun der islamistescher Säit, déi d’Demokratie ofschafen oder schwäche wéilten. Deem misst een entgéintwierken. Dat géing géint Rietsextremismus gemaach ginn, mee net géint Islamisten.
No engem Rot fir Lëtzebuerg a Punkto Migratioun gefrot, seet den Ahmad Mansour: “Kuckt op Däitschland, kuckt op Frankräich a widderhuelt dës Feeler net. Benennt Strukturen, déi am Land entstinn a mat de Wäerter vun der Gesellschaft näischt ze dinn hunn". De Sujet vun der Integratioun misst als eng Abannung an e Wäertekanon verstane ginn. D’Grondwäerter vum Land misste vum éischten Dag un, wou eng Persoun an d’Land kënnt, iwwermëttelt ginn. Déi, di näischt wéilte mat de Grondwäerter ze dinn hunn, solle bestrooft ginn. Wa si sech net géingen änneren, hätte si nämlech keng Zukunft an engem demokratesche Land.
Wéi vill Migratioun Europa da verdréit, wier eng schwiereg Fro, well et och géing dovun ofhänken, vu wou d’Mënsche kommen. Wat d’Differenz vun de Kulture méi grouss wier, wat d’Integratioun méi schwéier wier. Een, deen aus der Ukrain kéim, wier zum Beispill besser ze integréieren, wéi een deen aus Syrien oder Afghanistan kéim. Dofir misst een differenzéiert kucken an deenen eng Chance ginn, déi Europa mat Fräiheet an Individualitéit verbannen. Wa Leit an engem Land opgeholl ginn, solle se dann och net als Communautéit integréiert ginn, mee als Individuum.