
Den Ebola-Virus breet sech weider am Kongo aus. Der Weltgesondheetsagence no gouf et eleng déi lescht Woch 567 Infektiounen an 296 Doudesfäll. Am Ganze si bis elo 1.587 Leit un der Krankheet gestuerwen, 651 Patienten hätten d'Infektioun iwwerdeems iwwerlieft. Ronn 44 Prozent vun allen Infektioune hunn en déidleche Verlaf.
Aktuell mécht eng Variant vum Virus den Tour, géint déi et nach keen Impfstoff gëtt, et lafen awer Tester. Der WHO no gëtt et ee Vaccin aus Singapore, bei deem d'Tester bis ewell gutt verlaf sinn. Déi lescht Woch hat e Fräiwëllegen eng Impfdosis vun engem Vaccin, deen an England hiergestallt gouf, kritt.
De Kampf géint d'Krankheet gëtt doduerch méi schwéier, datt et virop am Oste vum Kongo een arméierte Konflikt tëscht Regierungstruppen a verschiddene Rebellegruppe gëtt.
Bis ewell sinn an de leschte 50 Joer eng 15.000 Leit un Ebola gestuerwen