Bekannte Vulkanregioun26 Blesséierter no Äerdbiewen vu 4,7 bei Neapel

AFP, iwwersat vun RTL
Déi berüümte "Phlegräesch Felder" ronderëm déi süditalieenesch Metropol Neapel hunn e Freideg den Owend ëm 19:46 Auer an enger Déift vun 3 Kilometer gewackelt.
© ELIANO IMPERATO/Anadolu via AFP

D'Äerdbiewen hat eng Stäerkt vu 4,7 op der Richterskala. 21 Persoune goufe blesséiert, dorënner zwou méi schro, esou en éischte Bilan, deen awer méi spéit op 26 Verletzer eropgesat gouf. Et goufen och eng Rei Schied duerch d'Biewen. Den italieenesche Minister fir d'Protection civile huet vun enger Rei Gebaier, déi eidel stoungen, geschwat, déi an de Koup gefall wieren. Awer geet een um Samschdeg den Owend dovun aus, datt eng 300 Leit aktuell net méi an hiren Haiser kënne Wunnen.

Der Stad Neapel no ass eng Héichspannungsleitung an de Koup gefall, mat där Deeler vun der Stad mat Stroum versuergt ginn. Fir déi betraffe Gebitter wier eng Ersatzversuerung etabléiert ginn, ma a verschiddene Quartieren hätt et trotzdeem Stroumausfäll ginn. D'Schied sollen esou séier wéi méiglech behuewe ginn.

D'Phlegräesch Felder leie just e puer Kilometer vun der Milliounestad Neapel fort. De "Supervulkan", deen eng Fläch vu ronn 15 mol 12 Kilometer huet, läit just e puer Kilometer vun der Milliounestad Neapel fort. Wëssenschaftler hale seng Aktivitéite genee am An.

An der dicht populéierter Regioun kënnt et ëmmer nees zu Äerdbiewen. Am Mee hat d'Regioun schonn ee Biewe vun enger Stäerkt vu 4,4. Am Mäerz 2025 gouf et Panik duerch ee Biewen, dat och eng Stäerkt vu 4,4 erreecht huet an eng Rei Leit blesséiert huet. Am Mee an am Juni 2025 gouf et du weider Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 4,4 respektiv 4,6.

© CESARE ABBATE/AFP

Back to Top
CIM LOGO