
Bei enger Explosioun an der Géigend vun engem Café zu Moskau sinn op d'mannst dräi Mënschen ëmkomm. 15 weider Persoune goufe verletzt, heescht et vun der russescher Noriichtenagence Ria Nowosti e Samschdeg. D'Agence berifft sech dobäi op d'Police vu Moskau. Wisou et zu der Explosioun koum, ass aktuell nach net kloer. Um Telegram-Kanal Basa, dee bekannt fir eng enk Relatioune zu de Sécherheetsautoritéiten ass, war vun enger Gas-Explosioun an enger vun de Kiche vum Bistro riets.
Ria Nowosti no war d'Explosioun géint 20:10 Lokalzäit also 19:10 eiser Zäit an der Géigend vum "Summercafé". Op Telegram maache Videoen den Tour, op deenen ee vill Pompjeesween oder Ambulanze ka gesinn.