Millioune Clienten an e puer Länner betraffHacker klaue sensibel Donnéeë vu Booking.com

RTL Lëtzebuerg
Geklaut goufen ënnert anerem Wunn-Adressen, E-Mail-Adressen, Telefonsnummeren, Gebuertsdeeg a Bankdaten.
© JONATHAN RAA/NurPhoto via AFP

Booking.com huet seng Clienten gewarnt, dass Donnéeë vu Buchungen vun enger grousser Partie vu hire Konten gehackt goufen. Et hätt een, esou Booking.com, och hei Mesuren ergraff. Ënnert anerem gouf de PIN-Code fir Reservéierungen geupdate. Et gëtt dann och virunn zukünftege Phishing-Versich gewarnt. Et géif een nimools iwwert E-Mail, Telefon, SMS oder WhatsApp no Informatiounen zu enger Kreditkaart froen, dat verséchert de Betrib an enger Mail u seng Clienten.

Och Opfuerderunge fir ze bezuelen, déi an sech näischt mat der initialer Buchung ze dinn hunn, géif et net ginn. Clienten, déi an Zukunft eng presuméiert Booking.com-Mail kréien, sollen oppassen, iert se e Link opmaachen, heescht et weider.

Betraff war och d’Fitness-Mark Basic-Fit, déi ronn 5 Millioune Clienten a sechs europäesche Länner huet, dorënner och zu Lëtzebuerg. Hei soll den Dateklau séier opgeflu sinn an et goufen direkt Mesure ergraff. Och wa séier gehandelt gouf, konnten d’Hacker awer ronn eng Millioun Donnéeë vu Clienten eroflueden. Wéi vill Lëtzebuerger dovunner betraff sinn, respektiv Leit aus anere Länner, konnt net am Detail genannt ginn.

Back to Top
CIM LOGO