
De franséischen Inneminister Laurent Nuñez wëll e Concert vum US-Rapper Kanye West zu Marseille verhënneren, dat wéinst antisemitteschen Äusserunge vum Museker. Wéi et en Dënschdeg aus dem Ëmweld vum Politiker heescht, géifen den Ament “all Méiglechkeete gepréift” ginn. Den Nuñez selwer hätt scho mam zoustännege Prefekt an dem Buergermeeschter vu Marseille, dem Benoît Payan, iwwert e Verbuet vum Concert geschwat. De Payan selwer hat schonn uganks Mäerz gesot, de Kanye West wier a senger Stad net wëllkomm. “Ech refuséieren, datt Marseille zu enger Vitrinn gëtt fir Leit, déi Haass an hemmungslosen Nazismus promovéieren. Kanye West ass net wëllkomm am Vélodrome, eisem Tempel vum Zesummeliewen a vun allen Awunner vu Marseille”, sou de Buergermeeschter um Kuerznoriichtendéngscht X.
Uganks Abrëll hat dann och déi brittesch Regierung dem Kanye West seng Demande fir a Groussbritannien anzereesen, refuséiert. Hien hätt sollen am Juli um Wireless-Festival zu London optrieden, dat op allen dräi Owender. Seng Presence géif dem ëffentleche Wuel kee Service maachen, huet et an der Begrënnung fir de Refus geheescht. D’Organisateure vum concernéierte Festival hunn dësen doropshin ofgesot. Schonn am Virfeld hat de geplangten Optrëtt vum Rapper wéinst senge vergaangenen Äusserunge fir vill Kritik gesuergt.
An deene leschte Joren hat de Kanye West an deem Kontext ëmmer nees fir Negativ-Schlagzeile gesuergt: Lescht Joer, um 80. Joresdag vum Enn vum Zweete Weltkrich hat hien e Song mam Titel “Heil Hitler” verëffentlecht, donieft hat en och T-Shirte mam Hakekräiz drop verkaf. Rezent nach huet den 48 Joer ale Museker seng antisemittesch Äusserungen a säin erratescht Optriede mat enger bipolarer Stéierung begrënnt a betount, hie wier weder Nazi nach Antisemitt.