Iwwer ChatGPT menacéiertSpezialunitéit hëlt Mann zu Stroossbuerg no Tipp vum FBI fest

RTL Lëtzebuerg
E Mann ass zu Stroossbuerg vun der franséischer Spezialunitéit, dem RAID, festgeholl ginn. Hien hat iwwer ChatGPT gedreet, Agente vum Geheimdéngscht ëmzebréngen. Den Tipp fir d'Festnam koum aus Amerika.
© AFP

Et ass eng Nouvelle, déi virun e puer Deeg a Frankräich zirkuléiert ass. Zu Stroossbuerg ass et zu enger méi aussergewéinlecher Policeaktioun komm. E Mann gouf vun der Spezialunitéit festgeholl, nodeems hien iwwer ChatGPT menacéiert hat, Membere vum Geheimdéngscht ëmzebréngen.

Eng Warnung kruten déi franséisch Autoritéiten aus Amerika. Den FBI hat d’franséisch Police informéiert, nodeems si d’Menace detektéiert hunn.

D’franséisch Autoritéiten hu relativ direkt reagéiert. De Mann gouf lokaliséiert an an enger koordinéierter Aktioun festgeholl.

'’Ermëttlunge sollen elo klären, wéi eescht d’Drounge waren an ob eng konkret Gefor bestanen huet. An esou Fäll gëtt och analyséiert, ob déi betraffe Persoun eleng gehandelt huet oder ob et méiglech Verbindungen zu anere Strukture gouf.

Déi digital Plattformen an och d’KI-Modeller stinn ëmmer méi Fokus vun den Autoritéiten. Och automatiséiert Systemer kënnen en Alarm ausléisen, wa geféierlech Aussoen oder Recherchen erkannt ginn.

Back to Top
CIM LOGO