Vereenzelt Demokraten hu protestéiertDem US-President Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun huet de Kongress gespléckt

Sarah Cames
Den US-President Donald Trump huet en Dënschdeg den Owend virum versammelte Kongress am Kapitol seng "State of the Union address" gehalen.
D'Ried vum US-President Trump huet de Kongress sichtlech gespléckt: wärend d'Republikaner applaudéiert hunn, sinn d'Demokrate sëtze bliwwen.
D’Ried vum US-President Trump huet de Kongress sichtlech gespléckt: wärend d’Republikaner applaudéiert hunn, sinn d’Demokrate sëtze bliwwen.
© MANDEL NGAN/AFP

Wärend dem Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun mat Superlative gefëllt war an eng Rekordlängt vun enger Stonn a 47 Minutten hat, hu vereenzelt Demokraten d’Geleeënheet genotzt, hir Mëssgonscht auszedrécken. Fir den Donald Trump war et déi éischt Ried zur Lag vun der Natioun a senger zweeter Amtszäit, an där hie sech quasi duerch d’Bänk selwer gutt Notte ginn huet.

“Eis Natioun ass zeréck - méi grouss, besser, méi räich a méi staark wéi jee virdrun”, esou den Trump, dee vum “gëllenen Zäitalter” vun Amerika geschwat huet. D’Grenz zu den USA wier sécher, d’Wirtschaft géif grouss Spréng maachen an d’Feinde vun den USA wiere veronséchert.

D’Amerikaner selwer schéngen dem US-President seng Aarbecht méi kritesch ze bewäerten: dem Trump säin Zoustëmmungstaux ass zanter leschtem Joer massiv gefall, vun 48 Prozent am Februar 2025 - also ronn engem Mount no sengem Amtsuntrëtt - op elo nach 36 Prozent am Februar 2026, wéi eng rezent Ëmfro vun CNN weist. Datt him a senger republikanescher Partei dës Zuelen egal sinn, ass onwarscheinlech. Den 3. November ginn d’USA sech nämlech nees Rendez-vous an de Walkabinnen. An de Midterm elections gëtt nei iwwer d’Verdeelung am Representantenhaus ofgestëmmt, an och 35 vun den 100 Sëtz am Senat ginn nei verginn. Den Ament hunn d’Republikaner am Senat an am Representantenhaus d’Majoritéit, ma d’Wale kéinten d’Demokrate stäerken an domat dem Trump Steng an de Wee leeën.

Am Kapitol gouf en Dënschdeg den Owend d’Spléckung tëscht Republikaner an Demokrate kloer visibel, encouragéiert vum US-President. A senger Ried huet hien ëmmer nees schaarf Kritik un d’Oppositioun geriicht. “Demokraten zerstéieren eist Land, ma mir hu se just nach mat Zäite gestoppt”, esou den Trump, wourop d’Republikaner haart applaudéiert hunn.

Dem US-President Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun
D’Trump-Ried war mat Superlative gefëllt war an hat eng Rekordlängt vun 1h47min. Vereenzelt Demokraten hunn d’Geleeënheet genotzt, hir Mëssgonscht ze weisen

Iran a global Stroftaxe waren Thema, ma och d’Immigratioun

Den Trump huet dat rezent Urteel vum Supreme Court, dat seng Stroftaxen illegal wieren, als “onheemlech onglécklech” bezeechent. D’Riichter vum Supreme Court souzen him wärenddeem am Sall an der éischter Rei géigeniwwer. Déi gutt Nouvelle wier awer, datt vill Länner an Entreprisen un den Deals festhale géifen, an der Angscht, bei neie Verhandlunge kéinten se nach méi schlecht dervu kommen, esou den Trump. Och a sengem eegene Lager sinn den Trump seng Stroftaxen héchst ëmstridden, ma weder dat, nach d’Urteel vum Supreme Court schéngen hien dovunner ofzehalen, och an Zukunft op dës ze setzen: “Ech gleewen drun, datt Taxen, déi vu frieme Länner bezuelt ginn, wéi an der Vergaangenheet, de moderne System vun der Akommessteier a groussen Deeler ersetze wäerten, wat eng grouss finanziell Laascht vun de Leit wäert fort huelen, déi ech gären hunn.”

Am Konflikt mam Iran sot den US-President Trump a senger State of the Union, hie géif d’militäresch Presenz ronderëm den Iran verstäerken, fir sécherzegoen, datt d’Land keng Atomwaffe géif kréien. Hien huet preziséiert, hie géif am léifsten eng diplomatesch Léisung am Konflikt fannen. Hie géif ni zouloossen, dass den Iran Atomwaffe kritt, sot den Trump, wärend hie gläichzäiteg erkläert huet, dem Iran säin nukleare Programm d’lescht Joer an enger Bommenattack deziméiert ze hunn.

Vereenzelt Demokrate ginn dem Trump Kontra

Och d’Immigratioun - en Thema, mat deem hie bei senge Wieler traditionell ëmmer nees erfollegräich Stëmmung fir sech konnt maachen - huet den Trump ugeschwat. Ma och hei stinn dem Trump seng Wieler net méi onageschränkt hannert him. D’Interventiounen vun der Immigratiounsagence ICE am US-Bundesstaat Minnesota, bei deenen zwee US-Staatsbierger vun ICE-Agenten erschoss goufen, goufen och am eegene Lager deels als ze extrem ugesinn.

Ma trotzdeem: d’Theema Immigratioun ass fir den Trump een Dauerbrenner, an hien huet d’Geleeënheet och net ausgelooss, seng Partei an dëser Saach vu den Demokraten ofzegrenzen. An engem Punkt vu senger laanger Ried huet hien déi versammelt Legislativ opgeruff, opzestoen, wa si der Ausso zoustëmmen “datt déi éischt Verantwortung vun der amerikanescher Regierung ass, amerikanesch Staatsbierger ze schützen an net illegal Awanderer.” D’Demokrate sinn an hirer Hallschent vum Sall sëtzebliwwen, wärend d’Republikaner an hirer Hallschent opgestane sinn a minuttelaang applaudéiert hunn. Dem Trump seng Wierder huet d’Ilhan Omar, déi de Bundesstaat Minnesota fir d’Demokraten am Representantenhaus vertrëtt, sichtlech rose gemaach. Nodeems de Sall nees roueg war, huet si dem Trump entgéint geruff “Du hues Amerikaner ëmbruecht!”, an huet sech domat op déi zwee US-Staatsbierger Renée Good an Alex Pretti bezunn, déi am Januar, wéi et schéngt, onprovozéiert vun ICE-Agenten erschoss goufen.

Den Representant Al Green gouf wéinst sengem Protest aus dem Sall erausgeheit.
© ANDREW CABALLERO-REYNOLDS/AFP

Ma d’Demokratin Ilhan Omar war net déi eenzeg Demokratin, déi dem Trump Kontra ginn huet. Scho fréi an der Ried gouf den Deputéierten am Representantenhaus Al Green aus Texas aus dem Sall gefouert, nodeems hien ee Schëld héichgehalen huet mat der Opschrëft “Schwaarz Leit si keng Afen!”. Den Trump hat jo viru kuerzem een Video gedeelt a méi spéit geläscht, an deem d’Obamas als Afen duergestallt gi waren. Dat Wäisst Haus hat d’Kritik, déi de Video als rassistesch bezeechent huet, fir d’éischt zeréckgewisen, ier du gesot gouf, engem Mataarbechter wier ee Feeler ënnerlaf.

Ee weideren Opreeger-Moment am Trump senger Ried gouf et, wéi hien d’US-Hockey-Männer fir hir Goldmedail bei den Olympesche Spiller geéiert huet. “Eist Land gewënnt erëm”, esou den Trump. “Fir dee Punkt ze beweisen, hu mir haut den Owend ee Grupp vu Gewënner bei eis, déi grad eng ganz Natioun houfreg gemaach hunn: d’Goldmedailen-Hockey-Team vun de Männer.”

Dat besonnescht dorunner: D’US-Nationalekipp vun de Fraen, déi am Hockey och olympescht Gold gewonnen hunn, war net do. Hannergrond war en Telefonat vum Trump, deen e Sonndeg mat den Hockey-Männer geschwat hat, fir se op seng Ried vun der Lag vun der Natioun anzelueden. Um Telefon sot hien de Männer géigeniwwer: “Ech muss iech soen, mir wäerten d’Fraen aluede mussen. Dir wësst dat.” Den Trump sot um Telefon weider, hie géif warscheinlech “impeached” ginn, wann hien d’Fraen net géing invitéieren. Déi weiblech Goldmedailegewënner hunn d’Invitatioun vum Wäissen Haus schliisslech ausgeschloen an hunn zäitlech Konflikter als Grond uginn.

Wärend d'Hockey-Nationalekipp vun de Männer geéiert gouf, hunn d'Fraen, déi och olympescht Gold gewonnen haten, beim Trump senger Ried zur Lag vun der Natioun gefeelt.
Wärend d’Hockey-Nationalekipp vun de Männer geéiert gouf, hunn d’Fraen, déi och olympescht Gold gewonnen haten, beim Trump senger Ried zur Lag vun der Natioun gefeelt.
© ANDREW CABALLERO-REYNOLDS/AFP

Back to Top
CIM LOGO