24 Stonnen an der LuuchtAirbus A350 no Rekord-Fluch aus Australien a Frankräich gelant

RTL mat AFP
Bei engem Testfluch vu Melbourne op Toulouse gouf e reelle Passagéier-Fluch simuléiert, fir schonn 2027 e kommerziellen Direktfluch vu London bis op Sydney ze erméiglechen.
Nach einer Rekordlänge von 24 Stunden und 24 Minuten in der Luft ist ein für extrem lange Strecken ausgebauter Airbus A350 in Frankreich gelandet. Das Flugzeug beendete am Dienstag seinen 23.076 Kilometer langen Testflug von Melbourne nach Toulouse.
Den extra ausgebauten Airbus A350 no der Landung en Dënschdeg zu Toulouse.
© AFP/Archiv

No enger Rekordzäit vu 24 Stonnen a 24 Minutten an der Luucht ass ee fir extreem laang Strecken ausgebauten Airbus A350 a Frankräich gelant. De Fliger hat en Dënschdeg säin 23.076 Kilometer laangen Testfluch vun der australescher Groussstad Melbourne op Toulouse gestart. Déi australesch Fluchgesellschaft Qantas wëll vun Oktober 2027 u kommerziell Direktflich vu Sydney direkt op London an zréck offréieren.

Méi spéit sollen Direkt-Flich vu Sydney op New York dobäikommen. D'Entreprise keeft dofir am Ganzen zwielef Maschinne vum Typ A350-1000ULR, woubäi d'Buchstawe fir "ultra long range" (Ultralaangstreck) stinn. En zousätzlechen Tank vun 20.000 Liter mécht dës Rekord-Strecke méiglech.

Am éischten Test-Fluch vun Toulouse op Melbourne hat de Fliger ronn 17.000 Kilometer bannent 19 Stonnen an 12 Minutten zréckgeluecht. Um Réckfluch huet de Fliger dann eng méiglech Route fir tatsächlech Passagéierflich simuléiert, dat iwwer dräi Kontinenter an zwee Ozeaner mat zwee Sonnenop- an ënnergäng.

U Bord waren aacht Memberen aus der Ekipp vum Fligerhiersteller fir Testflich, zwee Qantas-Piloten an zwee Airbus-Ingenieuren. Si hu wärend dem Fluch déi néideg Upassunge fir den zousätzlechen Tank, de Belëftungssystem vun der Maschinn an Ännerungen iwwerpréift, déi de Peegel vum Kaméidi fir Passagéier reduzéiere soll.

Qantas plangt schonn zanter néng Joer Direktflich an Europa, huet de Plang awer ëmmer nees no hanne verréckelt. Déi längst kommerziell Fluch-Route op der Welt verbënnt aktuell nach Singapur mat New York. Eng aner A350-Variant vun der Fluchgesellschaft Singapore Airlines huet d'Streck vu 15.350 Kilometer a méi wéi 18 Stonnen zréckgeluecht.

Back to Top
CIM LOGO