Äerdbiewen a JapanZuel vun den Doudesaffer klëmmt op 13, ëmmer nach Vermësster an Akafszenter

AFP, iwwersat vun RTL
D'Biewen hat en Dënschdeg eng Stäerkt vu 7,1. An engem Akafszenter an der Stad Kashima gouf et Doudesaffer an d'Sich no Vermësste leeft weider op Héichtouren.
Emergency vehicles and workers are seen outside the Aeon Mall Kumamoto in Kashima, Kumamoto Prefecture, on July 29, 2026 after an earthquake struck the area.
Rettungsekippe virum Akafszenter zu Kashima, wou eng Etage duerch d'Biewen an de Koup gefall war.
© AFP

Een Dag nom uergen Äerdbiewen am Südweste vu Japan ass d'Zuel vun den Doudesaffer op op d'mannst 13 geklommen. Dat huet d'Regirungschefin Sanae Takaichi e Mëttwoch de Moie matgedeelt. Et wieren iwwerdeems "grouss Schied" gemellt ginn, dorënner Gebaier, déi agestierzt sinn, Bränn a Stroosseschied. Méi wéi 9.000 Mënschen hunn e Mëttwoch an Nout-Lagere verbruecht.

Zwee vun den Doudesaffer goufen den Donnéeë vum Katastropheschutz an engem Akafszentrum an der Stad Kashima entdeckt, an deem duerch d'Biewen eng Etage an de Koup gefall war. Bei hinnen handelt et sech de japanesche Medien no ëm zwou jonke Fraen. Et gouf gefaart, datt d'Zuel vun den Affer am Laf vum Dag nach klamme wäert, well virun allem am Akafszentrum zu Kashima nach eng Rei Leit ënnert den Iwwerreschter erwaart ginn.

Wéi d'Police matgedeelt huet, wier déi genau Zuel vun de Vermëssten nach onkloer. "Et gëllt als sécher, datt nach Ugestallter verschott sinn". Ob och Clientë vermësst ginn, wier dogéint net kloer. Rettungsekippen hunn am Akafszentrum an och op anere Plazen intensiv no Vermësste gesicht.

D'Äerdbiewe mat der Stäerkt 7,1 hat d'Regioun en Dënschdegnomëtteg getraff. Wéi déi japanesch Agence fir Wieder a Geowësseschaften mellt, wier et op der Insel Kyushu geschitt an huet dobäi déi héchst Stuf Siwen op der japanescher Äerdbieweskala erreecht. Duerno war et och nach zu enger Rei Nobiewe komm, dorënner eent mat der Stäerkt 6,1. Eng Tsunami-Warnung gouf ufanks erausginn, ma kuerz drop awer nees opgehuewen.

© ANDREW CABALLERO-REYNOLDS/AFP

Back to Top
CIM LOGO