No e puer Deeg RouUSA mellen iranesch Attacken an eegen Ugrëffer op Ziler am Irak

AFP
No e puer Deeg ouni géigesäiteg Attacken huet d'US-Arméi nei Rakéitenattacke vum Iran gemellt a selwer Ugrëffer op Ziler am Irak lancéiert.
Nach einigen Tagen ohne gegenseitige Attacken hat die US-Armee neue Raketenangriffe des Iran gemeldet. Die Truppen Teherans hätten einen "Überraschungsangriff auf im Nahen Osten stationierte US-Streitkräfte" versucht.
Déi US-amerikanesch Arméi.
© US Central Command (CENTCOM)/AFP/Archiv

No e puer Deeg ouni géigesäiteg Attacken huet d'US-Arméi nei Rakéitenugrëffer vum Iran gemellt. Den "Iwwerraschungsugrëff op US-Sträitkräft, déi am Noen Oste stationéiert sinn", wier ofgewiert ginn, huet den zoustännege Regionalkommando Centcom gemellt. Quasi gläichzäiteg hunn d'USA a Saudi-Arabien no eegenen Informatiounen Attacken op "terroristesch" Ziler am Irak lancéiert, woubäi den Informatioune vun der Miliz Hasched al-Schaabi no e puer Mënschen ëmbruecht a vill weiderer blesséiert goufen. Déi nei Eskalatioun ass nëmmen e puer Stonnen nom Treffe vum US-President Donald Turmp an dem israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu zu Washington geschitt.

"D'Revolutiounsgarden an hir terroristesch Stellvertrieder mussen dës Attacken astellen, fir weider militäresch Reaktioune vun den USA ze vermeiden" huet Centcom gewarnt. De saudi-arabesche Verdeedegungsministère huet sengersäits erkläert, et hätt een zesumme mat den USA "terroristesch Milizen, déi dem Iran loyal sinn" am Irak attackéiert. Dobäi hätt et sech ëm "Selbstverdeedegung" gehandelt.

E puer Stonne virdrun hat de selwechte Ministère erkläert, "mam Iran a Kontakt stoend Milizen" hätten op en Neits Dronenattacken aus dem Irak aus op Saudi-Arabien geflunn. D'Attack wier géint Ueleg-Anlagen am Land geriicht. D'Loftdefense vum Golfstaat hätt "eng Rei Dronen ofgefaangen an zerstéiert". Schonn e Méindeg hat Riad Dronenugrëffer aus dem Irak gemellt.

D'Unioun vu pro-iranesche schiitesche Milizen "Islamesche Widderstand am Irak" huet d'Reprochen als "Erfindungen" ofgestempelt. Fir de Fall vun engem saudi-arabesche Virgoen am Irak huet de Grupp mat enger "haarder" Äntwert menacéiert.

Back to Top
CIM LOGO