Lutte géint CoronavirusA Frankräich gëllen zanter e Méindeg nei Mesuren

RTL Lëtzebuerg
Nodeems et an de leschte Woche Protester mat Zéngdausende Mënsche gouf, huet déi franséisch Regierung d'Mesuren de Weekend nach liicht ugepasst.

E Besuch am Restaurant oder eng Rees mam Zuch, dem Bus oder Fliger ass bei eisen Noperen elo just nach méiglech, wann een geimpft ass, als geheelt gëllt oder wann een en negativen Test ka virweisen. Gläichzäiteg trëtt eng Impfflicht fir d’Gesondheetspersonal a Kraaft.

Den ominéise Gesondheetspass gëllt jo schonn zanter Mëtt Juli fir Kinoen, Muséeën oder grouss Manifestatiounen - zanter e Méindeg gëllt e fir eng Partie weider Saachen.

Fir d’Restauranten an d’Caféë gëllt de sanitäre Pass iwwregens och fir d’Terrassen an net just fir bannenan.

En negativen Test däerf maximal 72 Stonnen al sinn. Ufanks ware souguer just 48 Stonne virgesinn, wat op Grond vun den deels massive Protester, och nees iwwert de Weekend, elo awer geännert gouf.

D’Zuel vu Leit, déi wéinst enger Corona-Infektioun a franséische Spideeler musse behandelt ginn, ass nees staark geklommen. Bannent 24 Stonne sinn eleng 117 Patienten op Intensivstatiounen dobäikomm, mellt déi franséisch Santé.

Back to Top
CIM LOGO