Internationale Faktencheck-DagWéi eng Fakten oder Aussoe wëllt Dir iwwerpréift hunn? Schéckt eis se!

RTL-Faktencheckekipp
Net duerch Zoufall fält den internationale Faktencheck-Dag op den 2. Abrëll, well den Dag virdru kritt ee gäre mol eng gekréckelt.
© Symbolbild

Den 1. Abrëll ass eis alleguer bekannt. Do gi mer traditionell an den Abrëll geschéckt an eis Famill, Frënn, Bekannten, mä och gären d’Medien oder Entreprisë probéieren, fir engem eng kleng ze kréckelen. Dat mat enger dacks ganz offensichtlecher “Falschmeldung”, déi d’Leit op eng falsch Fäert soll schécken. Zum gudden Toun gehéiert et dann och, wann eng Persoun op den Abrëllsgeck eragefall ass, datt een d’Situatioun opkläert.

Reng am Zeeche vun der Opklärung steet dann den 2. Abrëll. Schonn dat lescht Joer hate mer bei RTL den internationale Faktencheck-Dag um Radio, der Tëlee an op RTL.lu an Evidenz gesat. An dëst aus guddem Grond, well aktuell liewe mir an der moderner Ära vun der Desinformatioun an duerch den Internet a Sozial Medie verbreet dës sech esou séier, wéi een dat bis elo nach ni gesinn huet. D’Opkommen an d’Notze vu Kënschtlecher Intelligenz huet dëst nach eng weider Kéier verstäerkt, well antëscht ouni gréisseren Opwand och Fotoen, déi ganz reell ausgesinn, kënne komplett erfonnt sinn.

Grouss Krisen a politesch Onroue kënnen als Ausgangsbasis fir esou Feelinformatioune déngen, ma och an eisem allgemengen Alldag kënne mer op Situatiounen treffen, wou mer eis froen “ass dat real oder awer fake”? An do wëlle mir als RTL usetzen.

Wat fir Sujeten/Aussoen/Behaaptunge solle mir fir Iech iwwerpréiwen?

Fir den Internationalen Dag vum Faktencheck an engem Mount sidd Dir elo gefrot: Wat si Sujeten, Aussoen oder Behaaptungen, déi Dir héieren oder gelies hutt, déi mir fir Iech iwwerpréiwe sollen? Schéckt eis Är Proposen iwwer dëse Formulaire eran:

D’RTL-Faktencheckekipp wäert fir den Internationalen Dag vum Faktencheck verschidde vun de Proposen iwwerpréiwen a publizéieren. Et wäert eis wuel net méiglech sinn, fir all d’Virschléi op deem Dag opzeschaffen, mir wëllen awer probéieren, aner Virschléi am Laf vum Joer nach engem Faktencheck ze ënnerzéien. Mir wäerte fir den 2. Abrëll just op Proposen agoen, déi mer iwwer eise Formulaire erakritt hunn.

Dir kënnt eis Är Propose bis de 15. Mäerz inclus eraschécken. Merci am Viraus fir Är Mathëllef.

EDMO: Eng wichteg Plattform géint Feelinformatioun an Europa

Den internationalen Dag vum Faktencheck huet als Zil, d’Leit iwwer Feelinformatiounen a Co opzeklären. An Europa spillt an dësem Beräich den EDMO, de European Digital Media Observatory, eng wichteg Roll. RTL Lëtzebuerg ass Grënnungsmember vun EDMO BELUX, der belsch-lëtzebuergescher Branche vum Projet.

© EDMO

EDMO ass eng onofhängeg Initiativ, déi vun der EU matfinanzéiert gëtt an déi eng grouss Bandbreet u Faktenchecker, Chercheuren an aner Acteuren aus deem Beräich zesummebréngt, fir géint d’Desinformatioun virzegoen.

Well RTL Lëtzebuerg och Member vum Europäeschen Observatoire fir Digital Medien ass, versiche mir, eenzel Situatiounen aus dem Grand-Duché an der ganzer Welt op de Fong ze goen an esou géint d’Desinformatioun hei am Land virzegoen.


Kommt hei op eis Faktencheckrubrik

Back to Top
CIM LOGO