EU-Kommissär Christophe Hansen zur Situatioun am Noen OstenEt kéinte "ganz grouss wirtschaftlech Konsequenzen op eis duerkommen"

RTL Lëtzebuerg
Am RTL-Interview huet sech de Lëtzebuerger EU-Kommissär fir Landwirtschaft an Ernierung zur Situatioun am Noen Osten an dem Krich am Iran geäussert.

Et wier eng “ganz seriö” Situatioun, net nëmme wéinst der Lag am Iran u sech mee och wéinst de Repercussiounen fir déi Europäesch Unioun. Iwwer Zypern goufe jo beispillsweis zwou Dronen ofgeschoss.

“Mir mussen eis och drop astellen, datt vläicht nach aner Plaze viséiert kéinte ginn, entweeder direkt duerch e militärescht Instrument awer och terroristesch Attacke kënnen net ausgeschloss ginn. Ech mengen dat heescht, mir musse wierklech eis Vigilance eropsetzen, mir mussen och eise Loftraum gutt kontrolléieren, well déi Dronen, déi elo agesat gi sinn, sinn natierlech schwéier ofzefänken an ze fannen.” Wat d’Gefor vu méiglechen Terrorattacken ugeet, sollt een dem EU-Kommissär no “net iwwerdramatiséieren” mee trotzdeem “seng Hausaufgabe maachen”.

Nieft dem Probleem vun der Sécherheet wier do awer och nach “dee ganze wirtschaftlechen Deel, deen do mat drun hänkt, deen eis extreem kéint wéidinn”, warnt de Christophe Hansen. Effektiv gräift den Iran den Ament och Handelsschëffer an der Strooss vun Hormus, tëscht dem Iran an dem Oman am Persesche Golf un, e Passage, duerch dee ronn 20% vum weltwäite Pëtrolstransport lafen. Den Ament géifen do eng 3.200 Schëffer festsëtzen, dovunner eng 200 déi ënner europäeschem Pavillon fueren. Iranesch Ugrëff wieren do eng Gefor, ma och déi duerch déi jemenittesch Huthi-Rebellen. Och hei wier mat grousse wirtschaftleche Konsequenzen ze rechnen.

“Et ass natierlech, engersäits den Ueleg - 8% vun eiser Consommatioun an der Europäescher Unioun kënnt duerch deen doten Engpass - mee awer och de liquidifiéierten, den LNG, de flëssege Gas, deen do duerchkënnt. Do hu mer natierlech Alternativen derzou, mee trotzdeem ass awer eng Präishausse och elo schonn ze spieren, och scho beim LNG, deen ganz sensibel schonn op d’Luucht gaangen ass.”

Repercussiounen huet d’Situatioun dann och op d’Landwirtschaft:

“Wann d’Energiekäschten eropginn, geet natierlech dee Präis och erop. An dann ass et natierlech och aner Zousazstoffer wéi Harnsaier, wéi Ammonium, kommen och duerch deen doten Détroit. Déi stiechen elo fest. Dat heescht, op Düngemëttelpräisser huet et en direkten Impakt”, sou nach de Christophe Hansen.

Am Journal vun der Tëlee huet sech den EU-Kommissär och méi am Detail zur europäescher Landwirtschaft geäussert, wéi och zum Mercosur-Ofkommes. Méi dozou hei:

Back to Top
CIM LOGO