Vermësstemeldungen an ZeienopriffKeng fix Delaien, all Fall gëtt eenzel bewäert

Diana Hoffmann
Wéini eng Persoun als vermësst gemellt gëtt a wéi séier dono en Zeienopruff erausgeet, hänkt vu ville Facteuren of.
© Laurent Weber

D’Zuel vun den als vermësst gemellte Persounen ass an de leschten 13 Joer däitlech eropgaangen, virun allem bei de Mannerjäregen. Goufen 2020 nach 305 Mineuren als vermësst gemellt, waren et 2024 schonn 930. Bei den Erwuessenen ass de Chiffer am selwechten Zäitraum vun 132 op 203 geklommen. Am Ganzen ass dat eng Augmentatioun vun 437 op 1.133 Persounen.

© Parquet

Am Kader vum Faktencheckdag wollt eng Persoun vun RTL wëssen, wéi et ëm d’Delaie bei der Police a beim Parquet steet, wann eng Vermësstemeldung oder en Zeienopruff néideg gëtt

Et géinge verschidde Facteure ginn, “déi determinéieren, wéi laang et dauert, bis en Zeienopruff duerch d’Police an der Press an op de soziale Medie gemaach gëtt”, huet et an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro 3814 geheescht. D’Prozedur géing ufänken, soubal eng Persoun aus der Famill oder dem Ëmfeld eng Vermësstemeldung bei der Police mécht. A verschiddene Fäll kéint d’Situatioun schonn duerch intern Informatiounen an éischt Ermëttlunge vun der Police gekläert ginn. Jee no Fall géing och d’Police judiciaire ageschalt ginn. Wann eng méi grouss Sichaktioun néideg wier, kéim och d’Section criminalité contre les personnes an den Asaz.

Op RTL-Ufro huet d’Police präziséiert, datt Decisiounen am Zesummenhang mat Vermësstemeldungen op Uerder vum Parquet geholl ginn. De Parquet kéint dann d’Press froen, e Communiqué ze maachen. Dobäi géing et sech awer ëm e leschte Recours am Kader vun enger Enquête handelen. E Bild vun enger vermësster Persoun géing deemno just da verëffentlecht ginn, wann aner Schrëtt ouni Resultat bliwwe wieren.

Wéi laang déi eenzel Prozeduren daueren, geet aus den Äntwerten awer net konkret ervir. Wann e Mannerjärege verschwënnt, géing dat prinzipiell als besuergneserreegend gëllen. Mee op eng Vermësstemeldung ëffentlech gemaach gëtt “hänkt vun enger Partie Ëmstänn of”. Dës Ëmstänn goufen awer net präziséiert. Och bei den Erwuessene geet vun Ëmstänn riets, ënner deene se verschwonne sinn, mee och vun hirem Gesondheetszoustand. An ob se op eng permanent Betreiung oder Medikamenter ugewise sinn. “Wann eng Urgence besteet, geet esou séier wéi méiglech eng Meldung eraus un d’Press”, heescht et. Doriwwer eraus misst gekuckt ginn, ob et Sënn géing maachen, eng Meldung un d’Ëffentlechkeet ze ginn, also jee no Chance, dass sech Leit géingen op en Zeienopruff mellen. Et dierft net vergiess ginn, heescht et an der Mail weider, dass eng Persoun duerch esou Meldungen eng grouss Visibilitéit krit, wat e groussen Agrëff an hier Privatsphär wier. Et wier nämlech och net seelen, dass sech Leit géingen einfach eng “Auszäit” huelen, an net wéilte fonnt ginn.

Zeienopriff kënnen och Wochen no enger Dot nach hëllefen

Op hirer Internetsäit beschreift d’Police och, wéi eng Prozedur bei engem Zeienopruff am Kader vun engem Delikt kann oflafen, zum Beispill beim Déifstall vun enger Kreditkaart. Nodeems eng Plainte gemaach gouf, hätt den zoustännege Policebeamten en Delai vu 40 Deeg, fir de Fall un de Parquet weiderzeleeden. An där Zäit géingen awer schonn éischt Ermëttlunge gemaach ginn.

Wann erausfonnt gëtt, wou mat der geklauter Kaart Suen opgehuewe goufen, géing d’Bank informéiert ginn. D’Decisioun, fir eventuell Iwwerwaachungsbiller ze beschlagnamen, léich awer bei der Justizautoritéit. Déi Biller ginn duerno vum Untersuchungsriichter un de Parquet weidergeleet oder op Ufro ausgewäert.

Parquet a Police ënnersträichen, datt Zeienopriff och nach Wochen no enger Dot nëtzlech kënne sinn. Leit géingen och méi spéit nach erëmerkannt ginn. Anerer géinge sech mëllen, wa si mierken, datt no hinne gesicht géing ginn. An eenzele Fäll kéint et och sinn, datt presuméiert Täter sech ënner dem Drock vun engem ëffentlechen Opruff selwer der Police géinge stellen.

Back to Top
CIM LOGO