
Vun eise User krute mer verschiddenst Froen erageschéckt. Dës ware Froen, déi vu ganz technescher Natur waren, wéi ob Lenovo an Zukunft e PC erausbréngt, dee mat Linux an net mat Windows schafft oder wéi et mat den Dezibel vum Start vun enger Boeing 747-400 ausgesäit. Och goufe mer gefrot, wie fir d’Schalte vun de roude Luuchten hei am Land zoustänneg ass oder ob de Jean Asselborn en Ausserierdesche wier.
Dat éischt Thema vum Dag huet sech mat de Vermësstemeldunge beschäftegt a gekuckt, wéi hei d’Prozedure sinn. Eng generell Äntwert gëtt et op dëst Thema awer net. “Wéini eng Persoun als vermësst gemellt gëtt a wéi séier dono en Zeienopruff erausgeet, hänkt vu ville Facteuren of”, ass an eisem Artikel ze liesen.
E weidere User wollt wëssen, wat mat de Suen oder Géigestänn geschitt, déi zum Beispill bei engem Drogendealer fonnt a saiséiert ginn. Wann d’Géigestänn bis confisquéiert sinn, kënne se och verkaf ginn. Op alle Fall déi, déi legal sinn. D’Sue kënnen dann un de Besëtzer zeréckgoen, respektiv kann d’Geld och un de Staat goen. Do gi se da fir déi verschiddenst Saache genotzt. D’Detailer dozou ginn et an eisem Artikel.
An eisem leschten Artikel si mer der Fro nogaangen, wat een iwwerhaapt mat sengem Auto dierf zéien. D’Fro huet sech konkret drop konzentréiert, ob ee mat engem Auto, deen 2 Tonnen dierf zéien, eng Remorque dierf unhänken hunn, déi op 3,5 Tonnen ugemellt ass. De Ministère ass hei kloer: Jo, et dierf een, esoulaang een d’Gewiicht, wat den Auto dierf zéien, net iwwerschratt an een de passende Fürerschäi fir dës Klass vu Remorque huet.
RTL ass Partner vun EDMO Belux, engem Projet, dee géint Feelinformatiounen a Fakenews am Internet virgeet. Hei schafft RTL zesumme mat Partner aus dem Grand-Duché, wéi der Uni an dem ZpB, oder der Belsch an aneren Deeler aus Europa. Zum Belux-Projet gehéieren awer och weider Organisatiounen, wéi d’Lie Detectors, déi Journalisten a Schoulpersonal forméieren, fir an de Schoulen d’Schüler ze sensibiliséieren, fir datt si am Internet besser op Falschinformatiounen oppassen.
Deel vum Lëtzebuerger Projet ass och d’Campagne “Safety First”, an där mat kuerze Videoclippen op d’Geforen am Internet opmierksam gemaach gëtt. Dës Videoe fannt Dir op der spezieller “Safety First Säit” respektiv gi se am Programm op der Tëlee ëmmer nees diffuséiert. Den EDMO-Projet ass vun der Europäescher Unioun co-finanzéiert. D’Responsabilitéit vum Inhalt läit awer beim onofhängege Konsortium selwer.