Den neien Astra fillt sech u wéi en ale Bekannten. Keen Proz, awer och keen Understatement – einfach éierlech, funktionell a gutt verschafft. Et ass den Auto, deen diskret am Alldag säin Handwierk mat Fläiss erleedegt, e bësse wéi en treie Schéiferhond.
Reechwäit, Ladevolummen, praktesch Aspekter – et ass alles do wou een et erwaart, wéi een et erwaart. A virun allem: et ass näischt wat nervt un deem Auto. An dat ass och Gold wäert.

Opel huet e puer Innovatiounen an den neien Astra verpaakt. Den Highlight ass sécher d'Liichtkonzept. Eng komplett nei Front aus LED, déi beim permanent beliichte Blëtz-Logo ugeet, via Luuchtespillerscher fir Moien an Äddi ze soe sech fortsetzt, a schlussendlech beim IntelliLuxHD seng Apotheose fënnt.
Eng Buschtawenzopp fir u sech ze soen: mir hu méi LED wéi fréier oder wéi soss iergendee wäit a breet.
51.200 Diode maachen d'Nuecht zum Dag, Ofblendautomatik op all Auto inklusiv. Verspriechen doen déi vill Luuchten nämlech net nëmme besser ze beliichten, mee och besser net ze beliichten, do wou en Auto engem entgéint kënnt. D'Këscht ronderëm e Gefier dat entgéint kënnt, an do wou ofgeblent gëtt, soll elo méi schaarf ofgetrennt ginn, fir weiderhin e Maximum u Strooss a Chaussée ze erliichten. Och Stroosseschëlder solle manner zeréckspigelen an allgemeng besser liesbar bleiwen an der Däischtert.

Fazit: fir mech ass et elo awer net Dag a Nuecht zu anere moderne Systemer. Et si gutt Luuchten. Et kann een domadder nuets ouni Problemer iwwer e Pass oder duerch eng friem Stad fueren, ouni all Moment béis iwwerrascht ze gi vun eppes wat een net gesinn huet oder misse mat 30 ze fueren.
Fir beim Elektrothema ze bleiwen: den Astra gëtt et och voll elektresch, mat Batterie-Prekonditionéierung fir méi séier ze lueden.
Kontinuitéit vun der 90-järeger Kadett- an Astra-Traditioun ass Prioritéit. Dofir ass hei éischter Evolutioun wéi Revolutioun.
Den Interieur ass gutt verschafft. Et fillt sech net no bëllegem Plastik un an hält de klenge Modeller vun de Premium-Kollegen aus eisem Nopeschland an där Hisiicht absolut de Bass.
Et si vill Ofstellflächen disponibel: mäin 1-Liter-Bidong huet an d'Fläschenhalter gepasst, an déi extra Plaze fir Sonnebrëll, Handy a soss Krimskrams si sou dimensionéiert, datt se wierklech nëtzlech sinn.

D'Sëtzer wëlle sech "vum Kiné zertifizéiert, fir hir Ergonomie" laut Opel. Mee e schwéiere Grousse wéi ech huet no 2 Stonnen sech net méi sou frësch an de Sëtzer gefillt. Do ginn et vill méi schlëmm Sëtzplazen, mee e gutt geformte Sportsëtz passt mir zumindest besser.
A chacun elo ze wëssen ob ee mam Astra bis an de Süden an d'Vakanz fuere wëll, oder ob en éischter d'Schaffpäerd bleift, fir am noen Ëmkrees Kanner, Muppen a soss wëlle Gesellen duerch d'Géigend ze kutschéieren.
An de Sëtzer ass och en "Perineum-Entlaaschtungskanal" agebaut, deen d'Sëtzschanken optimal soll ënnerstëtzen, fir méi Langstreckecomfort. Naja – Marketingspeech am beschte Fall, mee bei de Vëlossuedelen huet sech esou e Kanal och duerchgesat *zwinker zwinker* an dat sécher net fir näischt.

An déi éischt Rei passen och ganz grouss Leit ouni Problemer. D'Sëtzverstellung ass a Richtung grouss zumindest absolut ausräichend. Fir ganz kleng Leit mat kuerze Bee kann ech do net schwätzen.
An der zweeter Rei ass och nach Plaz, souguer hannert engem Groussen, insofern deen an der zweeter Rei am Format Kand, klengen Teenager oder kompakten Adult ass. Zwee Lulatsche wéilt een, ausser am Noutfall, net hannertenee setzen.

Kappfräiheet ass gutt, d'Siichtfeld och, woubäi fir ganz Grousser d'B-Sail awer heiansdo am Bléckwénkel läit bei verschidde Kräizungen.
Vun der Geräischkuliss hier ass den Auto wierklech roueg. Och holpereg Stroosse mat Buedemwellen, Lächer a Kisel ginn akustesch vum Chauffeur ewech gehalen.
Bei normalen Autobunnsvitessen ass et ouni Problem Stonnen auszehalen. "Autobahntempo" konnt ech hei awer legal net fueren, fir dat och nach ze checken.
Ech weess net ob en ze dacks gebotzt gouf, mee fir en 1.500 km neien Auto hat en säin "new car smell" scho verluer. Oder gëtt et deen hautzedaags net méi, well dat alles gëfteg Chemikalie waren? D'Stoffer op de Sëtzer an um Volant si vegan. Sollt och gesot sinn, ouni awer dass eist Testkarnikel se geleckt oder geschmaacht huet.
D'Mall wëll sech variabel gesinn. Am Kombi-BEV ass se grouss. Opel seet souguer esou grouss dimensionéiert, datt an de Pampersbomber eng Wäschmaschinn passt. Leider hate se eis keng disponibel gemaach, fir dat ze probéieren. Schued eigentlech – wier dach mol eppes Neies a Punkto Praxistest.

De Kannerbuggy fir de Mini an de Maxi matzehuele passt awer locker an d'Mall vum Kombi, déi och zousätzlech Plaz am "Keller" virgesäit, spréch an e Fach ënnert dem Buedem. Praktesch fir e Kompresser, eng extern Batterie oder e puer Spanngurter, fir wann ee mol déi faméis Wäschmaschinn matschleeft.
Am PHEV allerdéngs fält d'Mall ze kleng aus. Kuerz an net déif, well d'Batterien numol iergendwou mussen ënnerbruecht ginn. Fir den Alldag an och fir de Wochenakaf geet et, mee beim Buggy misst et ee sinn, dee sech gutt zesummeklappe léisst (gëtt et där iwwerhaapt?).

Als Famill fiers du nëmmen op e laange Weekend mat där Mall. A gleeft mer: ech weess eng Mall ze fëllen.
Mat 4,4 m Längt (4,6 fir de Kombi) an 2 m Breet mat Spigelen ausgeklappt fillt den Auto sech kompakt un. Beim Test krut ech en och schreipselos duerch Gaassen, bei deenen de Passagéier vun Opel BeNeLux dach méi wéi nëmmen e bëssen Angschtschweess hat ech géif déi fuschnei Spillsaach net méi ganz heem bréngen, a mir géife bis zum Enn eiser Deeg um Hond hanne verhongeren, fest geklemmt tëscht zwou ale Baracken, an dat just well dësen Tester gesot huet, hie géif mol erof an den Hafen eng Foto maache goen. Mir ware wäit ewech vun alle protokollaresche Virschrëften, mee wat ech net alles fir de Lieser op mech huelen.

Zur Karosserie muss een och Faarf bekennen: den Astra kritt een am Stil Schwaarz-Wäiss-Tëlee – spréch wäiss, manner wäiss, aner wäiss, gro a schwaarz – oder awer am Technicolor am bloen, gréngen (vläicht wéinst Vauxhall am UK, well et ass eng Zort British Racing Green) a Gold. Déi steet dem Auto am beschten, ass awer just fir de 5-Dierer disponibel.

Den Infotainment ass vun der UX/UI hier logesch opgebaut. Wann een dovun ofgesäit, datt heiansdo scheinbar grondlos den Auto een ujäizt mat engem violente Warntoun. Anscheinend ass, trotz Fouss op der Brems a Park-Stellung vun der Boîte, bei Kontakt un, eng oppe Fuererdier e Grond fir Panik – ouni datt um Tableau de Bord wierklech ersiichtlech wier firwat.
Et goufen nach e puer Alarmer, déi net direkt ersiichtlech waren. Mee ouni datt et wierklech nervt. Et war fir mech och déi éischte Kéier mam Auto, an do si Muskelgewunnechte vun engem Konstrukter zum aneren net ëmmer kompatibel.
D'Displays si gréisstendeels logesch organiséiert - "gréisstendeels", well Baussentemperatur oder Auerzäit net onbedéngt direkt ze fanne sinn. Entweder ech sinn ze blöd oder Opel huet do seng eege Logik.
Wat awer ugewise gëtt ass alles intuitiv. Am PHEV weess een tëscht ICE a E-Maschinn genee wat wou nach u Reserve disponibel ass, beim Vollelektriker och.
Appreciéiert ass d'Decisioun méi op Knäppercher ze setzen. Dat erméiglecht séier Klima, Radio a Co ze steieren ouni duerch 26 Menue klicken ze mussen.
Dräi Ecrane sinn u Bord:
- Zentraldisplay (10 Zoll)
- Digitaalt Armaturebriet
- Heads-Up-Display an der Scheif

Den zentrale géife verschiddener vläicht als kleng klassifizéieren, fir mech geet en absolut duer.
Den Heads-Up-Display funktionéiert gutt, soulaang ee kee polariséierte Sonnebrëll unhuet. Soss verschwënnt en, ausser et hält een de Kapp horizontal. Wann en do ass, sinn Navi-Uweisungen a Vitess alles wat een eigentlech brauch, Ziel erreecht.
Ofkierzunge fir Funktioune wéi Spuerassistent oder Vitesswarnung weisen, datt d'Konstrukteuren d'EU-Spillche vun "Systemer musse beim Start u sinn" matspillen – awer och wëssen, datt vill Leit se léiwer ausschalten. Gutt matgeduecht.
Eng Opmierksamkeetskamera ass seerieméisseg och u Bord. Ech war wuel ausgeschlof genuch, net zeréckgepaff ze ginn.
Wa mir scho beim "Big Brother is watching you" sinn: den Auto kritt 10 Joer Over-the-Air Updates an och Geo-Iwwerwaachung vum Konstrukter "fir e bessere Service unzebidden". Mee eben och fir ze wësse wou der wéini fuert. Keng Suergen, dat ass net Opel-spezifesch. Si maachen et haut all, mee et soll och gewosst sinn.
Als Supplement kann een och OpenAI un all Diskussioun deelhuele loosse fir d'Éier, dass ChatGPT och mam Auto verbonnen ass. Déi üblech Konnektiounsméiglechkeete mam Handy (Android Play a Co) klappen ouni gréisser Problemer.
Et mierkt een: hei ass einfach, logesch a praktesch geduecht ginn, wat perfekt zum Gesamtkonzept vum Auto passt.
Och bei forcéierter Fuerweis ass den Auto ëmmer guttmiddeg. Brav, hält trei seng Spuer.
Kloer: wien et ganz sportlech ugeet, kritt de Fronttriebler an d'Ënnersteieren. Mee d'Traktioun ass erstaunlech gutt a gëtt ouni gréisseren Torque Steer ëmgesat oder zumindest elegant elektresch verstoppt.

De Confort ass gutt. De Chassis ass däitsch-stramm ofgestëmmt a suergt fir gudde Kontakt mat der Strooss, ouni datt een d'Frequenz vun den Zänndokter-Kontrollen erhéije misst. Och méi schlecht Passagë ginn dobäi propper geschléckt.
E gudden Deel vum Luef fir Traktioun a Fuerverhale géif ech awer och den exzellente franséische Marke-Pneuen zouschreiwen, déi montéiert waren.
Als BEV fiert den Astra sech ausgezeechent. Perfekt doséierbar an interessanterweis mat engem Kennfeld, dat staark mat der Vitess variéiert.
Beim normale Fuere reagéiert alles direkt a proportional. Beim Rangéiere bei ganz niddrege Vitessen ass d'Pedall däitlech méi gedämpt, wat gezielt Kréichen a Manövréieren erméiglecht, an all béis Iwwerraschung beim Parke vermeit.
Via Paddels um Volant (resp. Knäppchen am PHEV) kann een de Rekuperatiounsniveau astellen. Am beschten a fir mech natierlechste fillt sech de stäerkste Reku-Modus un, wou den Auto richteg spierbar bremst, wann ee vum Gas geet.
Net ganz konsequent ass, datt bei quasi Nullvitess d'Reku erëm ausblent an een iwwer d'Bremspedall stoppe muss. E richtegen One-Pedal-Betrib wier hei méi logesch.
D'Reechwäit war bei relaxer Landstroossfaart ronn 380 km, éischter limitéiert, virun allem well Heizung a Klima bei 18 Grad quasi net gebraucht goufen. Opel versprécht knapp 450 km.
Beim PHEV kënnt en 1.6-Liter ICE mat Elektromotor op knapp 200 PS. Leeschtung feelt am Alldag ni. Beim Zuch vun 1500 kg kéint et e bësse méi sinn – mee dat ass net d’Raison d’être vum Astra, oder dach als Kombi?
D'Transitioun tëscht Schub a Schiebebetrib huet beim PHEV e klengen doudege Punkt. Héijen Niveau vu Kritik – déi meescht Leit mierken et warscheinlech net.
Nerveg ass allerdéngs d'Geräischkuliss am Elektromodus mat oppene Fënsteren. Dat kënstlecht "Motorgeräisch" jiipst a kléngt nerveg – virun allem fir déi baussen. Mat zouene Fënsteren héiert een et quasi net méi, mee ech wéilt menge Matmënschen dat net undoen.
Motoroptiounen:
- BEV ~150 PS
- PHEV ~200 PS
- klengen Hybrid mat 1.2 L Turbo Drilling an ~150 PS
- 1.6L Diesel mat 150 PS
"Einsteigen und wohlfühlen", géife se beim Noper soen.
En zolitten Auto ouni Macken, gutt verschafft an instinktiv ze steieren.
