Automag - Ass den Hype berechtegt?BMW iX3

Paul Origer
Nach éier déi éischt op de Stroossen ënnerwee waren, gouf et scho Luef vun alle Säiten. Ob dee berechtegt ass, huet de Paul Origer erausfonnt.

“Neue Klasse” – bei BMW stoung dee Begrëff schonn emol an de 60er a 70er Joren fir en neie Schratt a punkto Design an Technik. A genee elo ass esou een Ëmbroch nees am Umarsch. De fonkelneien iX3 markéiert net nëmmen eng komplett nei Designsprooch, mee och en neit Kapitel an der Elektromobilitéit. De Paul Origer hat d'Geleeënheet, den iX3 am Alldag ze testen.

Um Festival 2026 duerft den neien iX3 seng Première feieren an zënterhier reent et nëmmen esou vu gudde Kriticken an der Press an ënnerschriwwene Bestellunge bei de Concessionnairen. Also loung d'Lat schonn héich!

Den Design
Design ass ëmmer eng Saach vum Goût, mee den iX3 ass erfrëschend anescht. Déi fir BMW typesch Duebel-Nier ass net méi esou bombastesch a verschmëlzt, e bësse wéi deemools, zesumme mat den ugedeiten duebele Luuchte zu enger breeder Kalander. An och soss bleift d'Linn sober, eckeg a suggeréiert ee robusten Auto, hannen dominéiert wéi schonn üblech dat breet Luuchteband.

© Paul Origer

Den Interieur
Do ass awer nach eppes am Wee: déi versenkbar Diergrëffer; meeschtens prett an ausgefuer, mee da muss ee Gedold hunn an déi ganz Hand benotzen, soss rappt een ëmsoss. Duerno kënnt ganz kloer mäin Highlight: e lëftegen a sobere Banneraum mat nidderegem Tableau an am Zentrum ee moderat grousse Schierm. Fonkelnei a richteg gutt ass de Panorama-Display ënnert der viischter Scheif.

© Paul Origer

Wichteg Informatioune gi gestache schaarf an awer diskret am Bléckfeld ugewisen. Alldeeglech Commande sinn direkt ze fannen an, Halleluja, hunn esouguer nach ee Knäppche verdéngt! De Luefgesang hält och bei den exzellente Sëtzer an der generéiser Plaz am iX3 net op.

© Paul Origer

Den Undriff
Déi nächst Revolutioun. Eisen iX3 50 koum mat 469 Päerd, 645 Nm a maximal 805 km Autonomie. Domat net genuch. Bis zu 400 kW sollen um Gläichstroum kënne geluede ginn, also perfekt fir Laangstrecken. Reell waren tëscht 500 a 600 km parat an dee ganz raisonnabele Verbrauch huet duerchaus och méi Kilometer méiglech gemaach. Beim Schnelllueden huet den iX3 säi Versprieche gehalen: bei 15 % Batterie kuerz nom Astëpselen gouf direkt de Maximum vun der Borne erreecht, an deem heite Fall 300 kW. A 4 Minutte waren esou nees 100 km dran.

© Paul Origer

Op der Strooss
An zwar direkt op d'Autobunn, well dat ass dem iX3 säin Domaine. Nieft den ultra-nidderege Fuergeräischer dominéiert eng ganz nei Ära vum autonome Fueren. De Bléck op d'Strooss an an d'Spigele geet duer, d'Hänn dierfe relax am Schouss bleiwen, well den Autobunnsassistent mécht alles selwer: Vitessen anhalen, iwwerhuelen, nees eriwwerzéien. An dat bommesécher! Okay, en zitt vläicht nach e bëssen ze zackeg eriwwer a verpasst och emol deen een oder anere Chantier, mee wat fir ee Sprong!

© Paul Origer

D'Freed um Selwer Fueren bleift awer och erhalen. Och 2,4 Tonnen si fir 469 PS an dem iX3 säi Fuerwierk e Klacks. Handlech a knackeg an de Kéieren, vill Réckmeldung an der Steierung, straff mee net onconfortabel, bis op vläicht de Gabarit op X5-Niveau gëtt et nees näischt ze meckeren.

© Paul Origer

Am Resumé
Den Hype ass berechtegt, den iX3 ass gelongen. An esouguer d'Präisser si moderat: ronn 67.600 Euro fir d'Basis sinn nach ëmmer vill Suen, allerdéngs kritt een dofir och wierklech vill Auto. Méi kleng Versioune wäerten awer och nach nokommen.

© Paul Origer

Back to Top
CIM LOGO