Fotoe vun de KavalkadenZu Péiteng an zu Réimech war eng méi lass
Et ass Halleffaaschten. Wéi d'Traditioun et wëll, waren op dësem Sonndeg déi zwou lescht Kavalkade vun der Saison.
Kavalkad Réimech
De Cortège ass um 14.30 Auer lassgaangen.
Am Süden an am Oste vum Land waren d’Fuesgecken ënnerwee.
Lescht Kavalkade vun der Saison
Zu Péiteng an zu Reimech war eng lass
Kavalkad Péiteng
Zu Péiteng ass et déi 67. Editioun. 1955 gouf eng éischte Kéier e Cortège hei am Minettsstiedchen organiséiert.
A wei all Joers war den Depart vum Ëmzuch um 14.11 Auer. “De Péitenger Wand, dee bléist” heescht et. 56 Veräiner hu matgemaach. Dorënner 23 Ween, 7 Musek- a 26 Folklorgruppen. De Parcours vum Cortège ass 2,5 Kilometer laang.
Kavalkad Péiteng (10.3.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Kavalkad zu Réimech
Och zu Réimech ass fir gutt Stëmmung, Konfetti a Séissegkeete gesuergt. Lass goung et op der Musel um 14.30 Auer.
Réimecher Kavalkad (10.3.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Kavalkad Réimech (10.3.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Déi dekoréiert Ween a Gruppe konnt ee sech laanscht d’Route du Vin ukucke goen. Zwou Stonne laang konnt een déi 5. Joreszäit nach eemol a vollen Zich genéissen.