Bali (Indonesien): Pro Dag gëtt et tëscht 8 an 10 Sonnestonnen. Nieft wonnerschéine Stränn kann een och déi vill Tempelen an d’Kultur vum Inselstaat bewonneren.
Barbados: Op der Insel ass an der Moyenne eng Temperatur vu 27 Grad Celsius. D’Sonn ass dat ganz Joer um Rendez-vous. D’Karibikinsel ass bekannt duerch déi schéi wäiss Stränn. © AFP
Dubai (Vereenegt Arabesch Emirater): Mat 3.500 Sonnestonne pro Joer ass Dubai eng vun de sonnegste Plazen op der Welt. An de leschte Joren ass et eng beliefte Vakanzendestinatioun ginn. © AFP
Mauritius: Op der Inselgrupp am indeschen Ozean schéngt 300 Deeg a Joer d’Sonn. D’Natur zeechent sech aus duerch Koralleriffer, Lagunen a wëll Déieren. © AFP
Phuket (Thailand): Och hei kann een 300 Deeg am Joer d’Sonn genéissen, bei enger Duerchschnëttstemperatur vu ronn 28 Grad Celsius. Phuket ass och ënnert anerem duerch d’Nuetsliewe bekannt. © AFP
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.